Jacques Necker

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Portrait vum Jacques Necker vum Jean Siffreid Duplessis

De Jacques Necker, gebuer den 30. September 1732 zu Genf, a gestuerwen den 9. Abrëll 1804 zu Coppet, war e Schwäizer Finanzmann a Politiker am 18. Joerhonnert.

Dräimol stoung den Necker als Generalkontroller vun de Finanzen am Déngscht vun der franséischer Monarchie ënner dem Louis XVI.: 1776, 1788 a 1789.

Hie war de Papp vun der Germaine Necker, Barounin vu Staël-Holstein (1766-1817), déi als Madame de Staël als Schrëftstellerin bekannt ginn ass.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Jacques Necker war den zweete Jong vum Karl Friedrich Necker, Affekot zu Küstrin (Pommern) deen den 28. Januar 1726 Bierger vun der Republik vu Genf gi war, a senger Fra Jeanne Gautier.

Am Alter vun 18 Joer huet hien eng Carrière an der Bank Thélusson et Vernet ugefaangen, fir d'éischt zu Genf, spéider zu Paräis, a konnt am Joer 1756 ee vun den dräi Associéë vun der Bank Thélusson, Vernet et Necker ginn. Seng enorm Reussite als Banquier huet him erméiglecht, eng zolidd Zomm Suen op d'Säit ze leeën1. Als Syndic vun der Compagnie des Indes konnt hien der Compagnie zu neiem Liewe verhëllefen (1764), allerdéngs konnt hien näischt géint d'Opléisung am Joer 1770 géint säi perséinleche Géigner Morellet maachen.

E puer Kéieren, ënner anerem am Joer 1772 huet den Necker dem kinneklechen Tresor grouss Zommen zoukomme gelooss, wouduerch de Choiseul an den Abt Terray op hien opmierksam goufen.

De Wee un d'Muecht[änneren | Quelltext änneren]

Mme Necker, gebuer Suzanne Curchod.

Am Joer 1764 huet den Necker sech mat der Szuanne Curchod, Duechter vun engem Pastor, bestuet, déi e groussen Afloss op seng Carrière hat. Nodeem hien zum Minister vun der Republik vu Genf zu Paräis ernannt gi war (1768), huet hien - encouragéiert vu senger Fra - decidéiert an d'Politik ze goen. Hien huet sech 1772 aus de Finanzen zréckgezunn, a seng Interesse vun der Bank u säi Brudder Louis weiderginn. 1773 huet hien en Éloge de Colbert erausbruecht, dee vun der Académie française gelueft gouf, a wou hien de Portrait vum ideale Minister beschreift. Hie presentéiert sech als pragmatesch a flexibel, am Géigesaz zum Generalkontroller vun de Finanzen Turgot. Als Symbol vum economeschen Interventionismus vum Staat war de Colbert net nëmmen d'Antithes vum Turgot, mä och en Apostel vum economesche Liberalismus.

A priori huet awer näischt drop higewisen, datt den Necker eng Funktioun fir d'franséischt Gouvernement iwwerhuele géif: als Protestant war d'Dir vum Conseil du roi fir hien ipso facto zou ; hien hat keng weider Kenntnisser zum Gouvernement oder der kinneklecher Administratioun, hien huet den Haff nëmme vun deem kannt, wat en a senger Funktioun als Resident vu Genf konnt gesinn. Den Necker huet och net vill gelies, a sou hat hien och net vill Anung vun der franséischer Geschicht, der politescher an administrativer Organisatioun.

Allerdéngs hat d'ëffentlech Meenung eng aner Usiicht. Den 19. Abrëll 1775 huet hie säin Essai sur la législation et le commerce de grains erausbruecht, wou hie géint d'Fräiheet vum Geschäft mam Kar argumentéiert huet, wat géint d'Physiokraten, zemol den Turgot an de Morellet, gaangen ass. Dëst Wierk war en enorme Succès an de Librairien, et koum grad richteg am Mielkrich eraus.

Dem Necker säin Opstig gouf aktiv vun de Membere vum Salon vun der Mme Necker ënnerstëtzt, a generell och vun de Philosophen, vun deenen den Necker vill Theorien unerkannt huet: a sengem Éloge de Colbert huet hien d'Proprietéit kritiséiert, déi hien - an der Linn vum Rousseau - beschëllegt, keen natierlecht Recht, mä e Gesetz vun de Mënschen ze sinn, wat op Kraaft an Ënnerdréckung baséiert2. Duerch seng sozial Roll justifiéiert hien d'Relioun an erkennt d'Moral nëmmen als Mëttel, fir d'Vollek rouegzehalen un. D'chrëschtlech Moral ass majoritär well si déi eenzeg ass, déi « puisse persuader avec célérité parce qu'elle émeut en même temps qu'elle éclaire »3.

Den Necker gouf ënner anerem vum Maurepas, Haaptconseiller vum Louis XVI. ënnerstëtzt.

Den éischte Ministère vum Necker (1776-1781)[änneren | Quelltext änneren]

Den Doud vum Turgot sengem Nofolger, dem Clugny de Nuits huet dem Necker d'Geleenheet ginn, an d'Gouvernement eranzekommen. Als Protestant konnt hien awer net zum Generalkontroller vun de Finanzen ernannt ginn, well e mat dëser Funktioun am Conseil hätt misse sinn. Den 22. Oktober 1776 gouf hien zum Finanzconseiller an directeur général du Trésor royal ernannt. Den 21. Oktober gouf de Louis Gabriel Taboureau des Réaux offiziell zum Generalkontroller ernannt, mä a Wierklechkeet huet den Necker d'Fiedem am Hannergrond gezunn. Den Taboureau des Réaux ass den 29. Juni 1777 nees gaangen, ouni datt et e Remplacant gouf. Fir seng Wichtegkeet z'ënnersträiche krut den Necker den Titel vum directeur général des Finances4.

Am Ministère ukomm huet den Necker direkt mat wichtege Reformen ugefaangen, mä net op soueng brutal Manéier wéi den Turgot. Dës Reforme waren administrativ, sozial a finanziell.

Administrativ Reformen[änneren | Quelltext änneren]

De Jacques Necker

Op administrativem Plang huet den Necker d'Muecht vun der Generalkontroll vun de Finanze verstäerkt. Hien huet déi sechs Poste vun den Intendantsë fir d'Finanzen an den Handel ofgeschaf5, genee wéi och déi 48 receveurs généraux des finances an de Generalitéiten6, déi 27 trésoriers généraux7 an d'Generalkontrollere vun dem Krich an der Marine (November 1778). An d'Plaz vun dësen Offizéier, déi hir Plaz net konnte verléieren an déi op Kommissioun bezuelt goufen, huet den Necker Beamte gesat, déi erausgehäit konnte ginn, an eng fix Paye kruten8.

Hien huet d'Kompetenz vun der Ferme générale op d'Gabelle, den Tubak an d'droits des traites et des entrées de Paris reduzéiert, an d'Unzuel vun de Fermiers généraux vu 60 op 40 erofgeschauft. D'Aides goufe vun enger Régie générale agesammelt, ëm d'Steieren op den Domaine huet sech eng Administration générale des domaines gekëmmert, déi vun Administratore mat fixer Paye dirigéiert gouf.

Den Necker wollt d'Muecht vun der Administratioun vergréisseren, awer och d'Willkür sou gutt wéi méiglech aus dem Wee schafen. Hien huet e Comité contentieux des finances gegrënnt, deen d'Arrêts de finances virbereede sollt, déi, obschonn se als Arrêtsë vum Conseil presentéiert goufen, net wierklech aus enger kollektiver Diskussioun entstane waren, mä vun de Finanzintendanze virbereet gi waren. D'kinneklech Deklaratioun vum 13. Februar 1780 huet festgeluecht, datt d'Taille nëmmen nach via Patentbréiwer déi d'Parlament enregistréiert hat, konnt erhéicht ginn. D'Verificatioune sollten nëmmen nach all 20 Joer virgeholl ginn9.

Den Necker huet och speziell Assemblées provinciales an d'Liewe geruff, fir d'Muecht vum Parlament a vun den Intendants an de finanzielle Froe kleng ze halen, an huet hire Prinzip a sengem Mémoire au Roi sur l'établissement des administrations provinciales (1776) beschriwwen. Dës Versammlungen hunn en Ënnerscheed vun den dräi Stänn gemaach. Si konnte Steieren erhiewen a verdeelen, Stroossebauten dirigéieren, an dem Kinnek Representatioune maachen. Véier vun dësen Assembléeë goufen agefouert, wouvun zwou och direkt hir Aarbecht opgeholl hunn: Berry, Haute-Guyenne, Dauphiné a Bourbonnais.

Den Necker huet och nach probéiert, eng gewëssen Transparenz mat eranzebréngen. An deem Sënn huet hien och am Januar 1781 säi Compte-rendu au Roi erausbruecht, wou hien detailléiert beschriwwen huet, wéi d'kinneklech Finanze funktionéieren, d'Prinzipië vu senger Administratioun erkläert huet, an och op d'finanziell Situatioun vum Land agaangen ass.

Sozial Mesuren[änneren | Quelltext änneren]

Den Necker huet d'Meenung vun engem aktive Staat am sozialen an economesche Beräich vertrueden, Iddien, déi och schonn de Colbert hat. Hien huet net dru gegleeft, datt e sougenannte laissez-faire an der Wirtschaft de Leit vill Guddes brénge géif. Fir e Gläichgewiicht an der Gesellschaft ass, nom Necker, eng Ënnerstëtzung vum Staat noutwänneg:

« C'est au gouvernement, interprète et dépositaire de l'harmonie sociale, c'est à lui de faire pour cette classe déshéritée tout ce que l'ordre et la justice permettent. »

Hien huet eng Kommissioun fir d'Spideeler vu Paräis gegrënnt, souwéi eng weider fir eng Reform vun de Prisongen. Dës Kommissiounen hunn d'Basis vu grousse Reformen an dësen Institutiounen duergestallt: d'Prisonge vu Fort-l'Évêque a vum Petit Châtelet zu Paräis goufen zerstéiert ; en neie Prisong gouf an der rue du Roi-de-Sicile speziell fir Leit, déi duerch Verscholdung agespaart goufen ageriicht; um Enn vum Joer 1778 gouf en neien Hospiz vun de Parverbänn vu Saint-Sulpice a Gros-Caillou duerch e generéisen Don vun der Mme Necker ageriicht.

1779 huet den Necker d'Mainmorte fir d'kinneklech Territoiren ofgeschaf. En Edikt vu 1780 huet de Spideler erlaabt, hiren Immobilier ze verkafen, an hir Fongen a Form vu Renten op de Kinnek oder d'Stänn ze placéieren.

D'Finanzen[änneren | Quelltext änneren]

D'Nominatioun vum Necker war duerch den akute Besoin vu Finanzmëttel nom Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich begënschtegt, fir deen d'Preparatiounen am Juni 1776 lassgaange waren. De Krich war deier, e gouf souwuel zur Séi wéi och wäit ewech vu Frankräich ausgedroen, an eleng 1777 goufen 150 Millioune fir d'secours extraordinaires gezielt, d'Gesamtausgabe ginn op eng Milliard Livres geschat.

Op finanziellem Plang hat dem Necker seng Politik net vill Prinzipien. Hie war der Meenung, de Staat kéint sou vill Suen ausléinen, wéi néideg wieren, soulaang den ordinäre Budget ausgeglach wier. Well eng Steiererhéijung op kee Fall a Fro komm ass, engersäits duerch d'Politik, mä och aus Prinzip10, huet de Rendement misse verbessert ginn, ënner anerem duerch reng Reform vun der Finanzadministratioun, an och andeems d'Ausgabe géife kleng gehale ginn.

Fir dëst z'erreechen, huet hie ganz klassesch Mesuren ergraff: Reduktioun vun den Ausgabe vun der Maison du Roi11, d'Pensioune goufe méi genee ënner d'Lupp geholl, fir e Mëssbrauch ze verhënneren12, an d'Deklaratioune vum Akommes goufen iwwerpréift.

Fir de Krich ze finanzéieren, huet den Necker grouss Zomme Suen ausgeléint, ronn 530 Millioune Livres zu engem héijen Zënssaz.

Den Necker gëtt erausgehäit[änneren | Quelltext änneren]

Dem Necker seng Reforme goufen am Ufank mat Erstaunen a Bewonnerung opgeholl. Sou huet de Baroun vu Besenval geschriwwen:

« Il est extraordinaire, que ce que n’ont osé entreprendre les Ministres les plus accrédités, le Roi lui-même, vienne d'être effectué par un simple citoyen de Genève, M. Necker, [...] occupant précairement une place dont sa religion, sa naissance étrangère et les préventions de la Nation semblaient l'exclure. »

D'ëffentlech Meenung war begeeschtert vun engem Minister, deen et fäerdegbruecht hat, de Krich ze finanzéieren, ouni op eng Steiererhéigung zréckzegräifen, an dat mat enger Kompetenz déi och déi Leit hu missen akzeptéieren, déi net onbedéngt vu sou "onorthodoxe" Methoden iwwerzeegt waren.

Mä den Necker huet sech net nëmme Frënn gemaach: wéi hien d'Ferme générale ugegraff huet, huet en der Finanzwelt de Réck gedréint an d'Parlamenter waren net wierklech begeeschtert vu sengen Assemblées provinciales. D'Reduktioun vun de Ausgabe vum Haff déi am Compte-rendu au Roi (Januar 1781) presentéiert goufen, hunn him mächteg Feinde verschaf.

Am Fréijoer 1781, koum et zu enger Intrig mam Zil dem Necker de Kapp ze kaschten. Eng Grupp vum Haff (parti de la Cour) zesumme mat de Bridder vum Kinnek, de Princes du Sang a groussen Hären huet d'Meenung agitéiert, ënner anerem duerch Libellisten, déi Pamphlete géint de Minister geschriwwen hunn, wouvu virun allem d'Lettre du marquis de Caracciole à M. d'Alembert (1. Mee 1781), wahrscheinlech aus der Fieder vum Calonne, e Protegé vum Vergennes a vum Grof vun Artois, dee gären dem Necker seng Plaz gehat hätt, am gehässegste war.

Enn [[Abrëll huet d'Paräisser Parlament refuséiert, en Edikt fir eng nei Assemblée provinciale am Bourbonnais z'enregistréieren. Dës Versammlungen hunn de Parlamenter en Deel vun hiren extra-judiciaire Kompetenze geholl, déi si natierlech net ouni weideres verléiere wollten. Den Necker hat dëst an engem confidentielle Manuskript un de Kinnek 1776 festgehalen, mä vun deem op d'mannst sechs Kopien zirkuléiert sinn. Eng vun dëse Kopien huet dem President vum Parlament vun der Guyenne gehéiert, deem säi Jong, den Antoine Nicolas Waldec de Lessard, e Kollaborateur vum Necker war. E Pamphlet wat den 20. Abrëll 1781 u sechs Membere vum Paräisser Parlament geschéckt gouf, huet dem Minister seng Intentiounen däitlech gemaach13. Den Éischte President d'Aligre gouf op Marly geruff, an et gouf verbueden, weider iwwer de Memoire vu 1778 ze schwätzen. De Maurepas huet de Virschlag bruecht, de Genfer nees heemzeschécken.

D'Schlass vu Coppet

De 16. Mee huet den Necker versicht, de Kinnek zu engem forcéierten Enregistrement ze bréngen, a gefuerdert, um Conseil deelhuelen ze kënnen. Dräi Deeg drop huet de Louis XVI. dem Necker seng Fuerderunge refuséiert. Den Necker huet den 19. Mee 1781 demissionéiert. D'Paräisser Bevëlkerung war net fuerchtbar begeeschtert vun dëser Nouvelle, a sou hu sech d'Awunner virum Schlass vu Saint-Ouen zesummefonnt, fir dem Necker ze weisen, datt hie bei hinnen nach ëmmer populär war.

Den Necker huet sech op Saint-Ouen zréckgezunn. 1784 war hien an der Schwäiz fir Aarbechten hu sengem Schlass vu Coppet duerchzeféieren, an ass 1785 duerch Frankräich gereest. Hien huet en neit Buch erausbruecht, De l'administration des finances, e kompletten Traité zu de Finanzen an dräi Volumen, wat e grousse Succès war.

1787 huet de Calonne den Necker virun der Notabeleversammlung ugeklot, d'Meenung bedrunn ze hunn, a falsch Renseignementer a sengem Compte-rendu au Roi virgeluecht ze hunn : laut dem Calonne gouf et an de Konte vum Joer 1781 keen Excédent, wéi den Necker behaapt hat, mä en Defizit vu 50 Milliounen. Den Necker huet dem Calonne seng Zuelen nees a Fro gestallt. Doduerch gouf hien aus Paräis exiléiert.

Zweete Ministère vum Necker (1788-1789)[änneren | Quelltext änneren]

Nom Echec vum Calonne stoung déi franséisch Monarchie virum virtuelle Bankrott. Fonge waren noutwenneg, a sou huet de Louis XVI. den Necker nees zréckgeruff, an him de 25. August 1788 den Titel vum Directeur général des finances ginn. Zwee Deeg méi spéit krut den Necker den Titel vum Staatsminister, wat him d'Dir zu de Conseilsën opgemaach huet.

Allegoresche Portrait vum Necker, zirka 1788-1789.

Dës nei Positioun an d'Ëmstänn hunn den Necker erméiglecht, eng ganz wichteg politesch Roll ze spillen. Hien huet d'Paräisser Parlament nees zréckgeruff, d'Deputéiert waren exiléiert ginn. Hien huet och en Datum fir d'Aberuffung vun de Generalstänn virgeschloen an huet am November 1788 eng Notabeleversammlung aberuff, fir festzeleeën, wéi d'Membere vun de Generalstänn missten erausgesicht ginn. Och d'Punkte vun der Wal goufen ugeschnidden, mat der Representatioun vum Drëtte Stand. Bei dësem leschte Punkt war dem Necker kloer, datt d'Versammlung d'Fuerderungen net géif akzeptéieren, mä hie selwer huet awer d'Verdueblung vun der Stëmm vum Drëtte Stand ënnerstëtzt, wat zu senger Beléiftheet bäigedroen huet. Hie gouf als "patriotesche Minister" ugesinn.

Well de Weess knapps gi war, huet den Necker d'liberal Mesure vum Loménie de Brienne ausser Kraaft gesat: hien huet d'Exportatioun vu Kar de 7. September 1788 verbueden, genee sou wéi den Akaf baussent dem Maart (23. November 1788); hien huet Kar am Ausland akaf, Primen op d'Importatioune ginn, an der Police d'Muecht ginn, sech drëm ze këmmeren, datt d'Kar och um Maart ukomm ass (22. Abrëll 1789).

Op finanziellem Plang huet den Necker en Dekret vum Brienne réckgängeg gemaach, a versicht déi 70 Milliounen anzedreiwen, fir d'Scholde bis zu de Generalstänn ze bezuelen14.

Wéi d'Generalstänn opgaange sinn, gouf dem Necker seng Ried, déi sech virun allem mat finanzielle Froe beschäftegt huet, schlecht opgeholl, d'Deputéierten haten nëmmen d'Modalitéite vun der Ofstëmmung am Kapp. Den Necker huet refuséiert, bei der kinneklecher Séance vum 23. Juni 1789 dobäi ze sinn, wou de Louis XVI. festgeluecht huet, wéi wäit e bei de Konzessioune fir den Drëtte Stand géif goen. Den 11. Juli huet de Kinnek den Necker wéinst senger « condescendance extrême » vis-à-vis vun de Generalstänn erausgehäit. De Minister huet Frankräich verlooss an ass den 13. Juli zu Bréissel ukomm. Vun do goung et weider op Basel (20. Juli). D'Erausgeheie vum Necker gouf vun der Bevëlkerung ganz schlecht opgeholl, an huet zu den Opstänn de 14. Juli bäigedroen.

Drëtte Ministère vum Necker (1789-1790)[änneren | Quelltext änneren]

Joseph Boze, Honoré Gabriel Riqueti de Mirabeau

De 16. Juli 1789 huet de Louis XVI. den Necker nees missen zréckruffen. Hien huet den Titel vum Premier ministre des finances kritt. Zimlech séier huet hie sech géint d'Assemblée constituante gestallt, an domat virun allem géint de Mirabeau. D'Deputéiere ware mat de finanzielle Virschléi vum Necker, déi op traditionell Methode vun de Prêtsen opgebaut waren, net averstanen. De Necker sengersäits huet sech géint d'Assignatsë gestallt. De Mirabeau sot den 1. September 1790 zum Kinnek:

« le Ministre actuel des finances ne se chargera point de diriger, comme elle doit l'être, la grande opération des assignats-monnaie. Il ne revient pas facilement de ses conceptions et la ressource des assignats-monnaie n’a pas été conçue par lui ; il s’est même déterminé à la combattre. Il n’est rien moins qu’en bonne intelligence avec l'Assemblée nationale. Il ne gouverne plus l'opinion publique. On attendait de lui des miracles et il n’a pu sortir d'une routine contraire aux circonstances ».

Ënner dëse Konditiounen ass dem Necker näischt aneschters iwwreg bliwwen, wéi ze demissionéieren, wat hien den 3. September 1790 gemaach huet. Hien huet sech duerno an d'Schwäiz op d'Schlass vu Coppet zréckgezunn, wou hie weiderhi Wierker geschriwwen huet. Hien ass den 9. Abrëll 1804 gestuerwen.

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Dem Necker säi ganzt Wierk gouf gesammelt an ass als Œuvres complètes de M. Necker publiées par M. le Baron de Staël, son petit-fils... zu Paräis bei Treuttel et Wurtz vun 1820-1821, 15 Vol., in-8° erauskomm.

  • Réponse au mémoire de M. l'abbé Morellet sur la Compagnie des Indes, 1769
  • Éloge de Jean-Baptiste Colbert, 1773
  • Sur la Législation et le commerce des grains, 1775
  • Mémoire au roi sur l'établissement des administrations provinciales, 1776
  • Lettre au roi, 1777
  • Compte rendu au roi, 1781
  • De l'Administration des finances de la France, 1784, 3 Vol. in-8°
  • Correspondance de M. Necker avec M. de Calonne. (29 janvier-28 février 1787), 1787
  • De l'importance des opinions religieuses, 1788
  • De la Morale naturelle, suivie du Bonheur des sots, 1788
  • Supplément nécessaire à l'importance des opinions religieuses, 1788
  • Sur le compte rendu au roi en 1781 : nouveaux éclaircissements, 1788
  • Rapport fait au roi dans son conseil par le ministre des finances, 1789
  • Derniers conseils au roi, 1789
  • Hommage de M. Necker à la nation française, 1789
  • Observations sur l'avant-propos du « Livre rouge », ~ 1790
  • Opinion relativement au décret de l'Assemblée nationale, concernant les titres, les noms et les armoiries, ~ 1790
  • Sur l'administration de M. Necker, 1791
  • Réflexions présentées à la nation française sur le procès intenté à Louis XVI, 1792
  • Du pouvoir exécutif dans les grands États, 1792
  • De la Révolution française, 1796
  • Cours de morale religieuse, 1800
  • Dernières vues de politique et de finance, offertes à la Nation française, 1802
  • Histoire de la Révolution française, depuis l'Assemblée des notables jusques et y compris la journée du 13 vendémiaire an IV (18 octobre 1795), 1821

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Ghislain de Diesbach, Necker ou la faillite de la vertu, Perrin, Paräis, 2004. (ISBN 2-262-02219-4)
  • Henri Grange, Les idées de Necker, Klincksieck. (ISBN 2-252-01640-X)
  • Jean de Viguerie, Histoire et dictionnaire du temps des Lumières. 1715-1789, Robert Laffont, Paräis, 2003. (ISBN 2-221-04810-5)

Notizen a Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

1: Säi Verméige gouf op 7 Millioune Livres geschat am Moment vu senger Nominatioun zum Generalkontroller vun de Finanzen am Joer 1776.
2: De Besëtz ass fir den Necker « traité de force et de contrainte ».
3: J. Necker, De l'importance des opinions religieuses, 1788.
4: Patentbréiwer vum 29. Juni 1777 hunn deklaréiert, datt de Poste vum Generalkontroller vun de Finanze fräi wier an hunn d'Funktiounen un d'Garde vun de Registere vun der Generalkontroll ginn, woubäi e Brevet mam selwechten Datum den Necker zum directeur général des finances gemaach huet.
5: Edikt vum Juni 1777.
6: D'Zuel vun de receveurs généraux ass vun 48 op 12 erofgeschauft ginn.
7: D'Zuel vun den trésoriers généraux ass vun 11 op 2 erofgeschauft ginn.
8: D'receveurs généraux kruten, ausser den Zënse vu 5 % vum Wäert vun hirer Charge (1 Millioun) eng fix Paye vu 25 000 Livres als Remplacement fir d'Taxatioune vun hire steierlechen Operatiounen (Abrëll 1780).
9: Arrêt vum Conseil vum 2. November 1777.
10: A sengem Éloge de Colbert, huet den Necker d'Steier kritiséiert a festgehalen, datt de Prêt eng besser Méiglechkeet fir de Staat wier, fir u Suen ze kommen.
11: 406 Officiers de la Bouche goufen ofgeschaf an e Bureau général d'administration des dépenses de la Maison du Roi et de la Reine gouf am Januar 1780 ënner der Leedung vum Staatssekretär vun der Maison du Roi an dem Necker selwer an d'Liewe geruff.
12: Patentbréiwer vum 8. November 1778. Parallel dozou koum den 22. Dezember 1776 e Reglement eraus, wat d'Erausgi vun neie Pensiounen zentraliséiert huet.
13: Ënner anerem - an ouni Beweiser - gouf de Grof vun der Provence beschëllegt, um Ursprong vun der Flucht ze stoen.
14: Avance vun der Caisse d'escompte a Prête bei de Financieren, ënner anerem den Notaire vu Paräis.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jacques Necker – Biller, Videoen oder Audiodateien


Virgänger:
Louis Gabriel Taboureau des Réaux
Generalkontroller vun de Finanzen
1776 - 1781
Nofolger:
Jean-François Joly de Fleury
Virgänger:
Claude Guillaume Lambert
Generalkontroller vun de Finanzen
1788 - 1790
Nofolger:
Franséisch Revolutioun