Jacques Perrin

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Jacques Perrin

De Jacques Perrin ass e franséische Schauspiller, Filmregisseur a Produzent. Hien ass den 13. Juli 1941 zu Paräis, (Frankräich) gebuer.

Mat 15 Joer huet hie schonns zu Paräis Theater gespillt.

Am Joer 1960 krut hie seng éischt Haaptroll am Film La ragazza con la valigia vum Valerio Zurlini.

Mat Regisseuren ewéi Costa-Gavras, Claude Chabrol, Jacques Demy a Pierre Schoendoerffer huet e sech séier en Numm als Schauspiller gemaach.

Mat dem Film Z vum Costa-Gavras huet hie säin éischte Film produzéiert.

Ganz bedeitend Dokumentarfilmer ewéi Microcosmos a Le peuple migrateur si vum Jacques Perrin produzéiert ginn. Am Film Le peuple migrateur huet hien och Regie gefouert.

Mat dem Film Les Choristes hat hien am Joer 2004 den erfollegräichste franséische Film vum Joer produzéiert. De Jacques Perrin ass de Monni vum Christophe Barratier, Regisseuer vum Film Les Choristes.

De Jacques Perrin ass de Brudder vun der Schauspillerin Eva Simonet, de Papp vum Schauspiller a Filmregisseur Mathieu Simonet an de Papp vum Schauspiller Maxence Perrin.

Inhaltsverzeechnes

Filmer als Schauspiller[änneren]

Kino[änneren]

Televisoun[änneren]

Filmer als Produzent[änneren]

Filmer als Regisseur[änneren]