Jadranka Kosor
D'Jadranka Kosor, gebuer Vlaisavljević den 1. Juli 1953 zu Pakrac a Kroatien, ass eng kroatesch Politikerin a fréier Journalistin. Si ass zënter dem 6. Juli 2009, nom Récktrëtt vum Ivo Sanader, als éischt Fra an deem Amt, Première-Ministesch vun der kroatescher Regierung.
D'Jadranka Kosor huet zu Zagreb studéiert an zënter 1972 als Journalistin fir ë. a. Večernji list, enger Zagreber Dageszeitung, a Radio Zagreb geschafft. Si war och kuerz Korrespondentin fir d'BBC während dem Kroatien-Krich.
1995 gouf si an de Sabor, dat kroatescht Parlament, gewielt a war zäitweileg Parlaments-Vizepresidentin. Am Dezember 2003 gouf si Vize-Premieèreministesch a Ministesch fir Famill, Solidaritéit tëscht de Generatiounen a fir d'Ancien-combattanten.
2005 war si Kandidatin fir Staatspresidentin ze ginn, huet dës Walen awer am zweeten Tour verluer.
Nom Récktrëtt vum Premier Sanader ass si zënter dem 6. Juli 2009 Premièreministesch.
Wierker [änneren]
- Dobar dan-ovdje Hrvatski radio, Turistkomerc 1993.
- Dobar dan, kako ste?, Školska knjiga 1998.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Jadranka Kosor – Biller, Videoen oder Audiodateien |