Jaga Antony

Vu Wikipedia
Jaga Antony
Gebuer 1944
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dänzer
Famill
Bestuet mat Jean Octave
Papp Florent Antony
Mamm Stenia Zapalowska

D'Jaga Antony, eigentlech Jadwiga Antony, gebuer 1944 zu Lëtzebuerg ass eng Danzpedagogin.

Si huet bei hirer Mamm Stenia Zapalowska zu Lëtzebuerg Ballet geléiert, a goung dunn op London op d'Royal Academy of Dance. Do huet si bei renomméierten Danz-Léierinnen, zum Beispill d'Tamara Karsavina an Irina Baranova, déi héchst Prüfunge mat Erfolleg ofgeluecht a gouf och selwer zur Danzpedagogin ausgebilt. 1965 krut si den Advanced 2 (ARAD) an hiren Teaching Diploma als Licentiate of the Royal Academy of Dance (LRAD).

1978 gouf si Examinatrice fir d'"Grades"-Prüfungen, an 1984 och fir déi méi professionell "Major Examinations".

D'Jaga Antony huet sech awer net just op de Ballet beschränkt: si ass och Member vun der Imperial Society of Teachers of Dancing (ISTD) fir Gesellschafts-Danz a Latäinamerikaneschen Danz. An deem Beräich huet si de Licentiate (LISTD), grad wéi si och am Ballet den Advanced an den Teaching Certificate vun der ISTD huet.

Zu Lëtzebuerg, wou si mam Jean Octave bestuet ass, huet si 1966 d'Danzschoul vun hirer Mamm iwwerholl. D'Stenia Zapalowska hat d'Method vun der Royal Academy of Dance 1961 zu Lëtzebuerg agefouert, an duerch hir Duechter gouf dës Method am Land fest etabléiert. Um Ufank si d'Ballet- an d'Gesellschafts-Danzcourse parallel gelaf, mat groussem Premier Bal am deemolegen Neien Theater (haut Grand théâtre), mä no enger Zäitchen huet d'Jaga Antony sech ëmmer méi op de Ballet spezialiséiert. Hir eelst Duechter, d'Peggy Octave, huet dunn d'Danzschoul an der Stad Lëtzebuerg iwwerholl, an d'Jaga Antony ass mat hirer Ballet-Schoul op den Cents geplënnert. Hir zweet Duechter Sandy Octave hat hir dee Moment am Ballet-, Jazz- a Claquette Beräich gehollef z'enseignéieren. Haut leet hir fréier Schülerin Solveig Ras hir Schoul.

Eng ganz Rei vun hire Schüler enseignéieren haut selwer d'Danzen, zu Lëtzebuerg an am Ausland, oder hunn et als Dänzer an eng Ballet-Kompanie gepackt.

Si ass vill an Europa an och soss an der Welt ënnerwee, fir bei de Schoule vun der Royal Academy of Dance Examen ofzehuelen. Si ass als Gaascht-Léierin am Ausland bekannt a gefrot, gëtt dacks Course bei internationalen Danz-Deeg a "Summer Schools", an dacks komme spéider Léierinnen oder fortgeschratt Schüler bei si, fir virun enger wichteger Prüfung nach de leschte Schlëff ze kréien.