Jakob Friedrich Ehrhart
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jakob Friedrich Ehrhart, gebuer de 4. November 1742 zu Holderbank AG, an der Schwäiz, a gestuerwen de 26. Juni 1795 zu Hannover, war e Schwäizer Apdikter a Botaniker, deen an Däitschland geschafft huet. Säin offizielle Kuerznumm fir Botaniker ass Ehrh..
Den Ehrhart war vu 1773 bis 1776 zu Uppsala, wou hie beim Carl von Linné a sengem Jong, dem Carl von Linné Jr., geléiert huet. Vu 1780 - 1783 ass hien am Opdrag vun der Regierung duerch d'Kurfürstentum Hannover gereest, fir botanesch Studien ze maachen, a gouf duerno Chef vun den Herrenhäuser Gärten zu Herrenhausen bei Hannover.
Éierentaxon [änneren]
Fir hien ze éieren, krut d' Planzegattung Ehrharta aus der Famill vun de Séissgrieser 1779 vum Carl Peter Thunberg säin Numm.
Wierker [änneren]
- Chloris hanoverana, 1776
- Supplementum systematis vegetabilium, generum et specierum plantarum, 1781
- Beiträge zur Naturkunde, und den damit verwandten Wissenschaften, besonders der Botanik, Chemie, Haus- und Landwirthschaft, Arzneigelahrtheit und Apothekerkunst, 7 Bänn, 1787 bis 1792
| Commons: Jakob Friedrich Ehrhart – Biller, Videoen oder Audiodateien |