Jakobswee
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Vum Jakobswee schwätzen heescht vun de Jakobsweeër eppes soen, well et gëtt der am Fong eng ganz Parti. Déi bekannste sinn déi grouss Achsen déi aus ganz Europa op Santiago de Compostela féieren, an déi hei hannendrunner opgezielt ginn.
- Dee längste kënnt wuel aus Schweden an Norwegen iwwer Dänemark, wou Århus eng wichteg Etapp ass. Vun do geet et weider duerch déi breet Däller an Norddäitschland a queesch duerch d'Belsch wou Namouer erëm eng Etapp ass. Iwwer d'franséisch Grenz kënnt en op Valenciennes vu wou en iwwer Paräis an Tours an de Süden op d'Spuenesch Grenz leeft. Well Tours eng Haaptversammlungsplaz vun dësem Wee ass krut e schonns ganz fréi den Numm Via Turonensis.
- Vu Polen aus huet ee Wee en Depart, sief et vun Danzeg aus oder vu Warschau. Dëse kënnt iwwer Däitschland op Lëtzebuerg, vu wou en iwwer Verdun op den Éiwege Bierg bei Vézelay féiert, dat op dëser Streck d'Haaptversammlungsplaz ass, a vu wou d' Via Lemovicensis fortgeet.
- De Wee vun Ungarn aus huet säin Depart zu Budapest, féiert duerch Éisträich, Liechtenstein an d'Schwäiz fir an der Géigend vu Genf an d'Haute-Savoie a Frankräich ze kommen. Vun do féiert en op Le Puy-en-Velay wat erëm eng Haaptversammlungplaz ass. Vun do aus heescht e Via Podiensis.
- Vun Italien, wou e seng Originnen zu Neapel huet, leeft de Wee a Richtung Norden duerch d'Toscana, a laanscht d'Mëttelmier iwwer Menton op Arles, vu wou aus et dann a Richtung spuenesch Grenz geet. Dëst ass d' Via Tolosana, well en iwwer Toulouse féiert.
Dës véier Haaptweeër, déi aus Frankräich kommen, lafen zu Puenta la Reina zesummen, fir dann zesummen iwwer de Camino Frances weiderzegoen. De Camino Frances ass dee Wee, deen am meeschte vun de Pilger tëscht Roncevaux a Santiago benotzt gëtt.
Et gëtt do och d'Méiglechkeet fir de Wee ze huelen, deen iwwer Billar a Santander laanscht d'Nordküst vu Spuenien leeft. Dëse Wee gëtt vun Biergamateure gäere benotzt, well e bal op senger ganzer Längt duerch d' Cantabresch Cordillere féiert, déi eng Fortsetzung vun de Pyrenäen sinn. Et ass de Camino Primitivo
- De Wee deen zu Lissabon fortgeet, féiert iwwer Porto a Barcelos, an duerno duerch Galizien, op Santiago. Dëst ass de Camino Potuguese.
- Pilger, déi aus England kommen, huelen an engem Hafen am Süde vum Cornwall e Schëff, fir zu A Coruña ze landen, an iwwer Cambre a Bruma op Santiago ze kommen. Dëse Wee ass als Camino Ingles bekannt.
- A Spuenien féiert e Jakobswee vu Sevilla aus no Norden iwwer d'Via de la Plata, d'Sëlwerstrooss. Wéinst dem extrem waarme Klima op dëser Streck, gëtt dëse Wee als dee schwéiersten ugesinn.
Déi éischt Itinerairen hu sech der Situatioun vun deemols ugepasst. Sou goufe Brécken a Fuerten opgesicht, grad esou wéi Collen, fir iwwer d'Bierger ze kommen. Wichteg waren och Kléischter um Wee, an deenen de Pilger iessen a schlofe konnt.
Well dës Weeër vu Leit aus alle Géigende vun Europa benotzt goufen, an doduerch e Kontakt tëschen de verschiddene Vëlker a Kulturen an Europa war, goufe se vum Europarot Routes européennes klasséiert.
E wichtegt Dokument fir e Pilger ass déi sougenannte Crédenciale. Dëst Dokument gëtt vun accreditéierten Associatiouen am Zesummenhank mat de Jakobsweeër ausgestallt. De Pilger oder Spadséiergänger muss zweemol am Dag an op all Etapp e Stempel dropmaache loossen, fir datt e sech kann als Pilger oder Randonneur ausweisen, an esou vun den Infrastrukture wéi Gîten an souweider profitéiere kann. Déi einfachst Méiglechkeet fir dëst Dokument ze kréien, ass e Bréif u Lepére Editions op N°13, le Bourg zu Grand Camp mat am Bréif dran 12 franséisch Timberen vun 0,54 Euro.
Leit déi iwwer de Jakobswee pilgeren, an dat welle weisen, hunn op hirem Gezei oder um Rucksak den Emblem vun der Jakobsmuschel. Doduerch erkennt e Pilgerer dann och een aneren, a sou kënne sech Gruppe forméieren. Fir e komplette Jakobspilgerer ze sinn, dat heescht een, deen de ganze Wee vun Ufank bis un d'Enn zu Fouss gemaach huet, si Leit de sech net e ganze Mount oder méi Congé beieneen huele kënnen, forcéiert dëst op zwee oder dräi Joer ze verdeelen. Wichteg ass datt een op d'Mannst 10 Deeg hannerenee geet. Besonnesch Leit, déi net gewinnt sinn e ganzen Dag duerchzemarschéieren, brauche schonns 4-5 Deeg éier se de richtegen Tratt fonnt hunn.
[Änneren] Literatur
- Brosius, R., R. Fourné, A. Leytem, C. Molitor, A. Müller, E. Schneider, L. Spaus & M. Thill, 2007. Jakobswege im Grossherzogtum Luxemburg = Les chemins de St. Jacques au Grand-Duché de Luxembourg = Walking trails of St. James in The Grand-Duchy of Luxembourg. Frënn vum Camino de Santiago de Compostela asbl. 21 S.
- Donckel, Emile, 1964. Sankt Jakobus der Ältere in Luxemburg. Kult und Brauchtum im Luxemburger Raum. Sonderdruck aus den Blättern der AGML. 28 S. Sankt-Paulus-Druckerei AG, Luxemburg.
[Änneren] Reesrapporten
- Haller, Maria-Catherine, 1984. Sur le Chemin de Saint-Jacques : de Luxembourg à Compostelle. 175 p., Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg. (An der Nationalbibliothéik ze léinen)
- Kerkeling, Hape, 2006. Ich bin dann mal weg. Meine Reise auf dem Jakobsweg. 50. Oplo, Malik Verlag. (Am Juli 2007 waren iwwer 2 Milliounen dovu verkaaft an d'Buch stoung 60 Wochen op der SPIEGEL- Bestsellerlëscht vun de Sachbicher".)
- Kerkeling, Hape, 2006. Ich bin dann mal weg. 6 CDs. Meine Reise auf dem Jakobsweg, en Audiobuch bei Roof Music. Am Verglach mat dem Buch ass d'Audiobuch e bësse gekierzt.
- Ries, Adrien, 2000. Camino de Santiago, ein Pilgergang von Bivels nach Santiago de Compostella, 248 S., 3. Oplo, Editions Saint-Paul, Luxemburg. ISBN 2-87963-078-9.
- Theis, Ernest, 2007. Ein Viandener am Jakobsweg. 265 p., Imprimerie Centrale, Luxemburg.
- Wohl, Gérard, 2007. Mam Vëlo voan Eechternoach bis op Santiago de Compostela. 174 p., Éd. Saint-Paul, Luxembourg. (Am Juni 2004 huet den Iechternacher G. Wohl an 28 Etappen an zwéi Roudeeg 2.240 km um Vëlo, deen hie vu sengen Aarbechtskollege fir seng Pensioun geschenkt krut, iwwer d'Belsch a Frankräich hanner sech bruecht fir op Santiago de Compostela ze kommen.)

