Jalta

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
EU Insignia.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

Jalta (Ukrainesch a Russesch Ялта) ass e eng Kur- an Vakanzenuertschaft op der Südküst vun der Hallefinsel Krim um Schwaarze Mier an der Ukrain. Jalta huet 77.100 Awunner (Stand op den 1. Januar 2004).

An dësem Sall war 1945 d'Konferenz vu Jalta

Gegrënnt gouf d'Stad wahrscheinlech vun den ale Griichen. Den Numm Jalta kënnt aus dem Griicheschen a bedeit einfach nëmmen Uwänner (op däitsch Ufer). International bekannt gouf Jalta durch d'Konferenz vu Jalta, op där 1945 iwwert d'Schicksal vun Däitschland, dat de Krich verluer hat, entscheet gouf. Doru bedeelegt waren déi alliéiert Regierungscheffe Winston Churchill, Stalin a Franklin D. Roosevelt. D'Welt gouf do nei opgedeelt.

De Liwadija Palast, wou 1945 d'Konferenz vu Jalta ofgehal gouf

Vu Jalta aus féiert déi längsten Trolleybuslinn vun der Welt iwwer Aluschta no Simferopol bannen an d'Land.

Haut ass Jalta eng, besonnesch bei de Russen, beléift Touristestad an dofir déi modernst a räichst Stad vun der Krim. Jalta ass net un d'Eisebunnsnetz ugeschloss. Mat Busse kënnt een op Simferopol a Sewastopol. Beléift Verkéiersmëttel sinn och d'Marschrutki, eng Zort Sammeltaxien.

Jalta, Bléck op den Hafen

Um Spaweck[änneren]

Commons: Yalta – Biller, Videoen oder Audiodateien