James Bond

Vu Wikipedia
James Bond
Createur Ian Fleming
Ass en(g) fiktive Mënsch, literaresch Figur
Geschlecht männlech
Aktivitéit Spioun
Famill
Liewenspartner(in) Solange, Paris Carver
Kanner Mata Bond
Universum
Present am Dr. No,
From Russia with Love,
Thunderball,
You Only Live Twice,
On Her Majesty's Secret Service,
Diamonds Are Forever,
Casino Royale,
Never Say Never Again,
Quantum of Solace,
Spectre,
GoldenEye,
Octopussy,
Tomorrow Never Dies,
The World Is Not Enough,
Live and Let Die,
The Living Daylights,
Licence to Kill,
The Man with the Golden Gun,
Die Another Day,
The Spy Who Loved Me,
For Your Eyes Only,
A View to a Kill,
Moonraker,
Skyfall,
Casino Royale,
No Time to Die,
Goldfinger


Den James Bond ass e fiktive Personnage vun engem sophistikéierte brittesche Spioun, dee vum Ian Fleming erfonnt gouf, an an deem senge Bicher virkënnt (spéiderhin och an de Bicher vun: Kingsley Amis, John Pearson, John Gardner, Raymond Benson an, zanter kuerzem, Charlie Higson).

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun den James-Bond-Bicher.

De Fleming huet säi Personnage nom amerikaneschen Ornitholog James Bond benannt an huet spéider der Fra vun deem Mann an engem Bréif geschriwwen: "[his] brief, unromantic, Anglo-Saxon, and yet very masculine name was just what I needed". De Bond huet de Codenumm "007", deen "dabbel-ou-seven" ausgeschwat gëtt. Déi "duebel 0" heescht datt hien d'Licence to kill huet; et ass d'Autorisatioun fir op senge Missioune Leit ëmzebréngen.

Vum James Bond gëtt et eng Serie vu Filmer, déi vun EON Productions gemaach goufen an déi e grousse Succès haten.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun den James-Bond-Filmer.

D'Majoritéit vun deene Filmer gouf vum Albert R. Broccoli a vum Harry Saltzman gemaach. Spéiderhin sinn dem Broccoli seng Duechter, d'Barbara Broccoli an säi Stéifjong, de Michael G. Wilson, weidergefuer. D'Filmer goufe gréisstendeels vun United Artists oder MGM op de Maart bruecht. Et gëtt och eng Rei vu Videospiller déi op de Filmer baséieren an e puer mat Originalskripte mat dem Personnage.

Den "James Bond" ass an d'populär Kultur an an de populäre Langage integréiert ginn, am engleschsproochege Raum soen d'Leit wa se eppes Futuristesches beschreiwe wëllen: "right out of James Bond", "James Bond style security", asw.

Déi vill a verschidde James Bond-Romaner a -Filmer hunn, mat de Joren, de Stil geännert: vu realistesche Spionagedramen op Science Fiction.

Wien ass den James Bond?[änneren | Quelltext änneren]

Den zentrale Personnage, den James, ass de Jong vun engem schottesche Papp, dem Andrew Bond, an enger Schwäizer Mamm, der Monique Delacroix, déi schonn allenzwee duerch Accidenter, beim Klammen an de Bierger, ëm d'Liewe koumen, zu där Zäit wou d'Bicher spillen. Den James ass kuerz an den Eton College an d'Schoul gaangen, mä no enger Libesbezéiung ass hien do erausgeworf ginn an dunn an de Fettes College a Schottland gaangen.

An de Filmversioune vum Personnage, huet de Bond den Diplom an orientalesche Sprooche vun der Cambridge University, obwuel dat géint d'Informatiounen an de Romaner geet a géint d'Zeen am Film Tomorrow Never Dies an där de Bond et net fäerdegbréngt e Computer mat chineeseschem Clavier ze benotzen. De Bond kann also fléissend Russesch schwätzen. Hie behaapt am Film The World is Not Enough datt hien déi Sprooch zu Oxford geléiert huet, an et kann een hien an de verschiddene Filmer a ville Sprooche schwätzen héieren. Hie war an der Royal Navy éiert hie bei de Secret Service gaangen ass an huet de militäresche Rang vun engem Commander. Den John Gardner huet, a senge Bicher, de Bond an de Rang vun engem Captain promovéiere geloss, mä hie gouf no an no dégradéiert, ouni Erklärungen. An de Bicher genee wéi an de Filmer bestit sech de Bond, mä seng Fra gëtt den Dag vum Bestietness vu sengem gréisste Feind ëmbruecht, dem Ernst Stavro Blofeld; dee Fait huet ëmmer nach eng gewësse Resonanz, an de Bicher genee wéi an de Filmer.

An de Romaner, ass seng eeler schottesch Haushälterin, d'May, déi net nëmmen an de ville Romaner vum Fleming erëmkënnt, eng vun den eenzege Konstanten. Mä si huet sech als geneesou alterslos erausgestallt wéi si a verschiddene vum John Gardner senge Romaner opgedaucht ass. D'May ass och e vun deene wéinege Personnagen, déi ëmmer nees an de Bicher opdauchen, deen zwar am literaresche Kanon virkënnt, mä net an de Filmer ze gesinn ass.

Dem Fleming säi Bond gouf 1924 gebuer, huet bei sengem Alter gelunn fir 1941 an der Royal Navy Volunteer Reserve kënne Member ze ginn, an ass um Enn vum Krich "Commander".

De Motto vun der Bond-Famill "Orbis non sufficit" (Latäin fir "D'Welt ass net genuch").

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: James Bond – Biller, Videoen oder Audiodateien