James Craig Watson

Vu Wikipedia
James Craig Watson
Gebuer 28. Januar 1838
Gestuerwen 22. November 1880
Madison
Doudesursaach Bauchfellentzündung
Nationalitéit USA, Kanada
Educatioun Universitéit vu Michigan,
Universitéit vu Leipzig
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser
Member vun National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, American Philosophical Society

Den James Craig Watson, gebuer 28. Januar 1838 zu Fingal, Ontario/Kanada a gestuerwen den 23. November 1880 zu Madison, Wisconsin war en US-amerikaneschen Astronom.

De Watson staamt aus den USA, gouf awer wärend engem Openthalt vu sengen Elteren a Kanada gebuer. 1857 huet hien op der University of Michigan graduéiert.
Als Student huet hie sech mat den himmelsmechanesche Wierker vum Pierre-Simon Laplace beschäftegt, huet optesch Lënse geschlaff an en Teleskop gebaut. No sengem Studium krut hien zu Michigan eng Assistenteplaz um Léierstull fir Astronomie. Duerch seng ëmfangräich Observatiounen a Berechnungen – ënner anerem huet hien 1856 ee Koméit entdeckt an huet 1858 d'Bunn vum Koméit Donati bestëmmt – a gouf schonn 1859 zum Professer fir Astronomie ernannt.

Am Joer 1863 gouf hien Direkter vum Observatoire. Am selwechte Joer huet hien den Asteroid Eurynome entdeckt. An de Joren 1867 an 1868 war him d'Entdeckung vun aacht weideren Asteroide gelongen, ënner hinnen d'Nummer. 100, den Paris.

1869/70 huet de Watson un Expeditioune fir d'Observatioun vu Sonnendäischterten um Mount Pleasent, Iowa, an zu Carlentini, Sizilien deelgeholl. 1874 huet hien zu Peking e Venusduerchgank virun der Sonn observéiert. 1878 war hie Member vun enger Expeditioun vun enger Sonnendäischtert am Staat Wyoming. Do huet hie versicht e Planéit bannent der Merkurbunn ze fannen. De Watson war iwwerzeegt, datt en "Intramerkur", de Planéit Vulkan, wéi och en Transneptun existéiere géif.
1879 krut de Watson e Léierstull fir Astronomie op der University of Wisconsin. Hien huet weider nom hypothetesche Vulkan gesicht, vun deem mer haut wëssen, datt en net existéiert.

Am Ganzen hat de Watson 24 Asteroiden entdeckt an en ettlech astronomesch Wierker publizéiert. Wéinst senge Leeschtunge krut hie vill Éierungen. 1867 gouf hien an d'National Academy of Sciences opgeholl. 1870 krut hien de Lalande-Präis vun der franséischer Akademie, wéi scho virun him verschidden Asteroiden-Entdecker. Am selwechte Joer krut hien den Éierendokter vun der Universitéit Leipzig. Zu sengen Éiere gouf en Asteroid (729) Watsonia genannt.

D'James-Craig-Watson Medail ass eng Auszeechnung vun der US-National Academy of Sciences fir Leeschtungen um Gebitt vun der Astronomie.

Entdeckt Asteroiden: 22
(79) Eurynome 14. September 1863
(93) Minerva 24. August 1867
(94) Aurora 6. September 1867
(100) Hekate 11. Juli 1868
(101) Helena 15. August 1868
(103) Hera 7. September 1868
(104) Klymene 13. September 1868
(105) Artemis 16. September 1868
(106) Dione 10. Oktober 1868
(115) Thyra 6. August 1871
(119) Althaea 3. Abrëll 1872
(121) Hermione 12. Mee 1872
(128) Nemesis 25. November 1872
(132) Aethra 13. Juni 1873
(133) Cyrene 16. August 1873
(139) Juewa 10. Oktober 1874
(150) Nuwa 18. Oktober 1875
(161) Athor 19. Abrëll 1876
(168) Sibylla 28. September 1876
(174) Phaedra 2. September 1877
(175) Andromache 1. Oktober 1877
(179) Klytaemnestra 11. November 1877

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]