James Ensor

Vu Wikipedia
James Ensor
Gebuertsnumm James Sidney Edouard Ensor
Gebuer 13. Abrëll 1860
Oostende
Gestuerwen 19. November 1949
Oostende
Nationalitéit Belsch
Educatioun Académie royale des beaux-arts
Aktivitéit Moler, Graveur, Graphiker, Bauzeechner, visuelle Kënschtler
Den James Ensor um 100-Frang-Schäin

Den James Ensor, gebuer den 13. Abrëll 1860 zu Ostende, an do gestuerwen den 19. November 1949, war e belsche Moler a Graveur.

Den James Ensor war een avantgardistesche Moler, deen eréischt nom Éischte Weltkrich ënner anerem duerch säi Frënd Maurice Maeterlink breet Unerkennung fonnt huet.

Den James Ensor war mat senger visionärer an expressiver Molerei, an als Member vun de Kënschtlergruppen "L'Essor" a "Les XX", den Haaptvertrieder vum belsche Symbolismus an e Virreider vun der moderner Molerei.

Seng charakteristesch Biller déi gréisstendeels tëscht 1880 a 1900 entstane sinn, weisen dacks satiresch Biller an der Traditioun vum Phantasteschen aus Flandern, op deene bizar Masken, Fues- a Gespensterszenen aus dem moderne Liewe vu grousse Stied ze gesi sinn.

Um leschte belschen 100 Frang-Schäi vun 1995 war den Ensor ze gesinn. Och d'flämesch Filmpräisser Ensors sinn no him benannt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Berko, P. & V.: Dictionnaire des peintres belges nées entre 1750 et 1875, Éditions Laconti, Bruxelles, 1981

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: James Ensor – Biller, Videoen oder Audiodateien