James Ferguson

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
James Ferguson

Den James Ferguson , gebuer den 31. August 1797 zu Perthshire a Schottland, gestuerwen de 26. September 1867 zu Washington, D.C.) war e schotteschen Ingenieur an Astronom, deen zënter 1800 an den USA gelieft huet.

De Ferguson huet als Ingenieur, ënner anerem um Bau vum Eriekanal, geschafft.

Vun 1847 un huet hien als Astronom am Naval-Observatoire zu Washington geschafft. Hien huet dräi Asteroiden entdeckt, dorënner den Euphrosyne, den éischten Asteroid, dee vu Nordamerika aus entdeckt gouf.

Fir un hien z'erënneren gouf am Joer 1941 den Asteroid (1745) Ferguson no him genannt.

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen