James Grieve

Vu Wikipedia
James Grieve
James Grieve
Standard Nr
Hierkonft Vum Gärtner James Grieve zu Edinburgh gezillt
Zort Geziichten Äppel (Malus domestica)
Kräizung vun Sämling vu Cox Orange
Lëscht vun den Äppelzorten

Den James Grieve ass eng geziichten Äppelzort (Malus domestica). Et ass e fréien Hierschtapel.

D'Beem vum James Grieve sinn net kriddleg a verdroen de Frascht gutt. E geet gutt a fiichte Biedem a wiisst net ganz séier. En ass bal net ufälleg fir de Schadder an de Mieltau, awer de Rouscht an d'Monilia maachen em ze schafen.

Den James Grieve bléit zimmlech fréi a mécht vill Pollen.

Den Apel ass mëttelgrouss a rout gesträift wann en zeideg ass, säi Fleesch ass reng an e gëtt séier mierf. Wann en net ze zeideg ass ass et e säftegen, saierzegen Apel, mat engem Aroma deen et liicht mécht, fir e vun aneren Äppel z'ënnerscheeden.

D'Äppel gi vun Ufanks September bis an den Oktober zeideg an de Rendement ass gutt a gläichméisseg.

Ofleeër[änneren | Quelltext änneren]

  • Reglindis
  • Remo