James Hetfield

Vu Wikipedia
James Hetfield
Gebuer 3. August 1963
Downey
Nationalitéit USA
Aktivitéit Gittarist, Sänger, Komponist, Liddertexter
Member vun Metallica

Den James Alan Hetfield, gebuer den 3. August 1963 zu Downey, Kalifornien ass een US-amerikanesche Museker. Hien ass de Grënner, Sänger an zweete Gittarist vun der Metal-Band Metallica.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Als Kand huet hien ugefaange Piano ze spillen. Duerno Batterie bis hie schlussendlech d'Gittar entdeckt huet. Nodeem hie mat e puer Kolleegen d'Band Obsession gegrënnt hat, wollt hie Rockstar ginn. Dunn ass d'Famill awer geplënnert an hien huet mat neie Kolleegen d'Band Phantom Lord gegrënnt.

Wéi hie mat der Schoul fäerdeg war, ass hie mat sengem Kolleeg Ron McGovney zeréck op Downey geplënnert an huet sech no enger neier Band ëmgekuckt. An der Zeitung huet hien eng Annonce fonnt vum Batteur Lars Ulrich, deen och eng Band grënne wollt. Den Hetfield huet sech als eenzegen dorop gemellt a sou hu se no engem knappse Joer d'Band Metallica gegrënnt. Am Géigesaz zu Obsession a Phantom Lord war Metallica ee groussen Erfolleg an dem Hetfield seng Carrière huet sech ëmmer weiderentwéckelt.

Den Hetfield schreift haaptsächlech d'Liddertexter, woubäi hie sech gär vu Bicher oder Filmer inspiréiere léisst. Obwuel nëmmen zweete Gittarist, schätze munnech Leit hie méi wéi de "Lead-Gittarist" Kirk Hammett.

Bei engem Concert 1992 zu Montréal huet hie sech, wärend dem Intro vu Fade To Black, un der Pyrotechnik verbrannt an huet missen an d'Spidol ageliwwert ginn, wourop de Concert ofgebrach gouf. Kuerz virun der Opnam vu St. Anger huet hien eng Behandlung géint seng Alkohol-Sucht gemaach.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: James Hetfield – Biller, Videoen oder Audiodateien