Jan Bielecki

Vu Wikipedia
Jan Bielecki
Gebuer 3. Mee 1951
Nationalitéit Polen
Aktivitéit Ekonomist, Politiker, Banquier
Partei Biergerplattform

De Jan Krzysztof Bielecki, gebuer den 3. Mee 1951 zu Bydgoszcz (Polen,, ass en Ekonomist a liberale polnesche Politiker.

Nodeem hien ekonomesche Beroder vun der Gewerkschaft Solidarność war, huet hien 1990 mat anere polnesche Politiker d'Partei Liberal-Demokratesche Kongress gegrënnt.

1989 gouf hien an d'Parlament gewielt an dunn huet de Lech Wałęsa hien de 4. Januar 1991 zum President vun der Regierung ernannt, wou hien awer schonn am selwechte Joer, de 6. Dezember demissionéiert huet. An der Regierung Hanna Suchocka, war hie kuerz, vun 1992-1993 Minister fir d'europäesch Integratioun.

Du war hie vun 1993 bis 2003 zu London Member vum Verwaltungsrot vun der BERD, der "Osteuropabank", fir d'Interesse vu Polen do ze vertrieden.

Zanter 2003 ass hie PDG vun der Privatbank Bank Pekao SA.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jan Bielecki – Biller, Videoen oder Audiodateien