Jan Carel Zadoks

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Jan Carel Zadoks, gebuer de 6. Februar 1929 zu Amsterdam, ass en hollännesche Phytopatholog.[1]

1947 huet hien ugefaangen, Biologie op der Universitéit vun Amsterdam ze studéieren. 1961 huet hie säin Doktorat gemaach an den Departement fir Phytopathologie vun der deemoleger Landbouwhogeschool (Akerbauhéichschoul) vu Wageningen, déi zënter 1998 Wageningen UR (University & Research centre) heescht[2], rejoignéiert. 1969 gouf hie Lector an 1980 Professer fir Phytopathologie. Vun 1989 bis 1991 stoung hien als Nofolger vum Professer Johan Dekker (1925-2010)[3] un der Spëtz vum phytopathologeschen Departement.[1]

Zënter 1994 ass hien emeritéierte Professer.[4]

De J.C. Zadoks huet iwwer 250 wëssenschaftlech Publikatiounen opzeweisen. Aus lëtzebuergescher Siicht ass en Artikel iwwer déi einheimesch Dactylorchideeën, deen hien 1955 am Bulletin vun der SNL publizéiert huet, ervirzesträichen. Heiranner huet de Zadoks ënner dem Numm Dactylorchis maculata (L.) Verm. subsp. arduennensis Zadoks eng nei Ënneraart vun Dactylorchis maculata beschriwwen, déi hien am Éislek a Moueren an op fiichte Plazen entdeckt hat, an déi senger Opfaassung no méiglecherweis nuren an den Ardennen virkomme géif.[5] Hautdesdaags huet déi Planz nëmmen nach de Statut vun enger Varietéit [Dactylorhiza maculata (L.) Soó var. arduennensis (Zadoks)] bzw. vun enger Form [Dactylorhiza maculata (L.) Soó f. arduennensis (Zadoks)].[6]

Kuriéis ass, datt hien zënter 1960 Sinterklaaspapier, d.h. Zinniklospakpabeier, sammelt an doriwwer am Joer 2010 e Buch mat enger Selektioun vun 150 Beispiller aus senger Sammlung erausginn huet.[7]

Eng ausféierlech Lëscht vu senge Publikatiounen fënnt een am biographeschen Artikel vum J. Dekker (1993).

Literatur [änneren]

  • Dekker, J., 1993. Jan Carel Zadoks, Professor in Ecological Plant Pathology, Wageningen Agricultural University. Netherland Journal of Plant Pathology, 99 (1993) Supplement 3, S. 7-18. [8]

Referenzen [änneren]

  1. 1,0 1,1 Dekker 1993.
  2. Wageningen UR [1]
  3. Zadoks, J.C., 1989. Johan Dekker, Professor of Plant Pathology at the Wageningen Agricultural University, 1969-1989. Netherland Journal of Plant Pathology, vol. 95, Supplement 1, S. 7-17. [2]
    Professor Dr Johan Dekker passed away on 5 June 2010. ISPP Newsletter 40 (6) July 2010. [3]
  4. Koninklijike Nederlandse Planteziektenkundige Vereniging, 1993. Issue commemorating the retirement of Dr. Jan Carel Zadoks, professor of ecological phytopathology at the Wageningen Agricultural University from 1980 to 1994. Netherlands journal of plant pathology, vol. 99 (1993), 261 S. [4]
  5. Zadoks, J.C., 1955. Quelques observations sur les Dactylorchidées du Grand-Duché de Luxembourg. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 59 (1954), S. 101-132. [5]
  6. The International Plant Names Index: Dactylorchis maculata ( L. ) Verm. subsp. arduennensis Zadoks. [6]
  7. Zadoks, J.C., 2010. Sinterklaas verpakt : vijftig jaar Sint Nicolaas inwikkelpapier. Uitgeverij Zadoks, Utrecht, 127 S. [7]