Jan Pieter Minckeleers

Vu Wikipedia
Jan Pieter Minckeleers
Gebuer 2. Dezember 1748
Maastricht
Gestuerwen 4. Juli 1824
Maastricht
Nationalitéit Holland
Educatioun Al Universitéit vu Léiwen
Aktivitéit Chimist, Physiker, Universitéitsprofesser
Member vun Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen

De Jan Pieter Minckeleers oder och Minckelers, gebuer den 2. Dezember 1748 zu Maastricht, a gestuerwen de 4. Juli 1824 och do, war en hollännesche Wëssenschaftler an Erfinder.

Hien huet de Stad- respektiv Liichtgas entdeckt.

De Minckeleers, den op der Universitéit zu Léiwen geschafft huet, huet iwwer sengen Aarbechten entdeckt, datt wann e Steekuelen erhëtzt ouni datt Sauerstoff drukënnt, déi e Gas fräiginn dee méi liicht wéi d'Loft ass. En huet dat fir d'éischt 1784 an enger Publikatioun beschriwwen.

Dee Gas gouf am Ufank gebraucht fir Gasballongen ze fëllen. Méi spéit gouf en awer haaptsächlech gebraucht fir ze liichten.

Eng Statu vum Minckeleers steet zu Maastricht an der Boschstraat.