Jan Vansina

Vu Wikipedia
Jan Vansina
Gebuer 14. September 1929
Antwerpen
Gestuerwen 8. Februar 2017
Madison
Nationalitéit Belsch
Educatioun Kathoulesch Universitéit vu Léiwen
Aktivitéit Anthropolog, Historiker
Member vun Académie royale des sciences d'outre-mer, American Academy of Arts and Sciences, British Academy, American Philosophical Society, Koninklijke Vlaamse Academie van België voor Wetenschappen en Kunsten
Famill
Papp Dirk Vansina

De Jan Vansina, gebuer de 14. September 1929 zu Antwerpen, a gestuerwen den 8. Februar 2017 zu Madison, am Wisconsin, war e belschen Anthropolog an Historiker.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Jan Vansina war dat 7. Kand aus enger kathoulescher Famill mat 12 Kanner. Seng Eltere waren allen zwee Kënschtler, säi Papp war Schrëftsteller, Moler a Konschthistoriker a seng Mamm war Molerin. De Papp war ausserdeem an der flämescher Nationalbeweegung aktiv. Hien hat e Geschäft, wou en ë. a. liturgesch Gewänner verkaf huet. Mä wéinst der Depressioun an den 1930er Joren huet hie säi Geschäft missen 1940 zoumaachen. Dem Jan Vansina seng Mamm hat glécklecherweis genuch Sue vun doheem, well hire Papp en décke Fësch an der Tubaksindustrie war.

Kandheet am Krich[änneren | Quelltext änneren]

De Jan a seng Gesëschter hu wärend dem Krich vun 1940 un, villes doheem vun hiren Eltere geléiert. Si hu sech mat de Bëscher an der Géigend beschäftegt an den Déieren, déi do gelieft hunn. Si hunn ausserdeem och vill doheem gelies, si si geléiert gi wéi ee moolt a vill aner Saachen déi s'an der Schoul net bäibruecht kruten. Schonn als Bouf vun 8-9 Joer hat de Jan sech un den Kaméidi vun der Artillerie gewinnt. Wéi d'Kampfhandlungen da méi no bei Antwerpen komm sinn, huet de Papp, deen e Veteran vun Éischte Weltkrich war, decidéiert, seng Famill méi wäit ewech vun de Kämpf op Bruges ze plënneren. Ironescherweis war et zu Bruges wou déi belsch Arméi ageschloss ginn ass an huet misse kapituléieren.

Zu der selwechter Zäit hat dem Jan seng Mamm eng nei Schoul fir hie fonnt, ee Benediktinerinternat bei Zevenkerken. De Jan war deen eenzegen am Internat, deen net aus enger Adelsfamill koum - eng Tatsaach déi seng elitär an iwwerhieflech Matschüler hien ni vergiesse gelooss hunn, soudatt hie sech géint si huet missen duerchsetzen. Déi Erfarung, vun uewen erof behandelt ze ginn, huet hien ni vergiess, a si huet e méi spéit zu engem absolutte Géigner vum Kolonialismus gemaach.

Zur selwechter Zäit hunn d'Schüler och missen ëm hiert Iwwerliewe kämfen, well et waren Zäiten wou si hu misse fir eng eenzeg Gromper kämpfen. 1942 gouf d'Internat vun der däitscher Arméi konfiszéiert, an d'Schüler hu missen a Gruppe mat hire Proffe vun enger provisorescher Plaz op déi nächst plënneren. De Schoulsystem war wärend dem Krich nëmme bedéngt um Lafen ze halen. Déi Zäit war fir d'Kanner och eng Aventure, obwuel si ëmmer hu misse fäerten, bombardéiert ze ginn. Dem Jan seng Famill huet mëttlerweil zu Gooreind gelieft, wou si Enn Oktober 1944 vun de Kanadier befreit gouf. De Jan Vansina huet am Krich schlussendlech och geléiert wéi geféierlech Fanatismus an Ideologie sinn, sou ass hien en absolutte Géigner vun all Aart vu Fanatismus ginn.

Kuerz nom Krich huet de Jan am Alter vu 16 Joer da seng Lycéesexame gemaach a gepackt.

Ausbildung op der Universitéit[änneren | Quelltext änneren]

Mat 16 Joer wousst de Jan nach net wat hie wéilt ginn, also huet e sengem Papp nogelauschtert an huet sech fir Medezin op der kathoulescher Universitéit zu Léiwen ageschriwwen. D'Medezin war fir de Jan awer eng Qual, an no 2 Joer ass en op Droit gewiesselt an huet heemlech och nach Geschicht gemaach, soudatt en 2 Joer drop e Bachelor an Droit a Geschicht hat. Obwuel seng Elteren net dovu begeeschtert waren, huet hie Geschicht weidergemaach.

Seng Ausbildung zum Mëttelalterhistoriker war klassesch: en huet z. B. Latäin gemaach, ekonomesch Geschicht oder mëttelalterlech Paleographie. Wärend sengem Studium war d'Relatioun mat de Proffen eng ganz onperséinlech, si waren déi grouss Spezialisten an hunn d'Studente behandelt wéi wa si näischt wieren. Eng Astellung déi de Jan Vansina déif beaflosst huet, a seng Aart a Weis, a sengem méi spéide Liewen als Professer determinéiert huet. Wärend senger Masteraarbecht ass hie fir d'éischt mat mëndlecher Geschicht a Kontakt komm, eng Faszinatioun huet sech entwéckelt déi hien net méi sollt lassloossen. Kuerz virum Ofschloss vu sengem Studium huet hien an der Zeitung gelies datt den Direkter vum Kinnekleche Kongo-Musée, Kandidate siche géif fir als Anthropolog am Belsche Kongo ze schaffen.

Den 20 Juni 1951 huet de Jan Vansina säin Diplom als Historiker vun der Uni Léiwen kritt. Zur selwechter Zäit huet hien e Bréif kritt vum Institut pour la recherche scientifique en Afrique centrale (IRSAC), hien hätt d'Plaz als Anthropolog kritt. Éier datt hie konnt an Afrika goen, huet hien awer nach missen ee Joer Anthropologie zu London maachen. Duerno sollt hien an de Belsche Kongo, fir do Feldaarbecht bei de Kuba ze maachen. Do huet hien och fir d'éischt vum Roland Oliver héieren, dee grad eng nei Spezialitéit gegrënnt hat: Afrikanesch Geschicht. Mä fir de Moment war de Jan op d'Anthropologie an d'Léiere vun der englescher Sprooch konzentréiert. Zu London huet hien och d'Mary Douglas kennengeléiert, eng jonk Professesch déi him säin Tuteur war an him bei villem gehollef huet. Schlussendlech huet hie just nach misse beim Malcolm Guthrie d'Kuba-Sprooch misse léieren, éier e konnt mat senger Aarbecht an Afrika ufänken. De 17. Dezember 1952 huet de Jan Vansina sech vun Antwerpen aus op de Wee an Afrika gemaach.

Zäit am Belsche Kongo an am Ruanda[änneren | Quelltext änneren]

Am Kongo ukomm sollt de Jan Vansina vu Mweka, dem administrativen Zentrum vun de Kuba, op Nsheng reesen, wou de Bushong Kinnek gelieft huet. Hien ass allerdéngs 3 Méint laang zu Mweka hänke bliwwen ouni Suen, Ekipement oder Pabeiere fir d'lokal Autoritéiten. Schliisslech ass en zu Parrot's Tale ukomm, eng Stonn vun der Haaptstad Nsheng ewech. Och do ass de Vansina erëm zwéi Méint hänke bliwen, nodeem seng Jeep de Geescht opginn hat. Dat gouf him d'Geleeënheet fir intensiv d'Bushong-Sprooch ze léieren. Schlussendlech ass hien dann zu Fouss bis an d'Haaptstad vun de Kuba gaangen.

Nodeem hien eng Zäitchen do war, hunn d'Kuba lues a lues ugefaangen him ze vertrauen, soudatt hien endlech konnt mat senger Feldaarbecht ufänken. Am Mee 1953 huet de Vansina ugefaangen, de Bushong hir Gedichter an alles wat si iwwer hir Geschicht nach woussten ze dokumentéieren. Gehollef krut hien dobäi vun de Bulaam, enger Aart afrikanesch Lokalhistoriker, déi d'Geschicht vun hire Communautéite mëndlech weiderginn. Fir awer kënne méi intensiv d'Geschicht vun de Kuba ze dokumentéieren, huet de Jan missen d'Erlabnis vun hirem Kinnek hunn. Nodeem hie vum Kinnek akzeptéiert gouf, konnt hien ewell mat allméigleche Leit vun den Kuba schwätzen, an hir Geschicht sou mat engem Tounbandapparat ophuelen. Hien huet souguer als éischten a warscheinlech eenzegen Europäer un enger Kuba-Initiatiounszeremonie deelgeholl, déi iwwer Woche gaangen ass. Dëst ass ee Ritual fir déi jonk Kuba als Männer an hirer Gesellschaft anzeféieren.

Am Dezember 1953 ass de Vansina dann op Astrida am Ruanda gereest, fir do un engem interdisziplinäre Seminar deelzehuelen. Astrida war ee vun den Haaptsëtzer vum IRSAC. Zu Astrida huet de Vansina da seng spéider Fra Claudine kennengeléiert.

Zu där Zäit huet hien och seng Léift zur Feldaarbecht entdeckt, fir hie war et méi faszinant an eng aner Kultur anzedauche wéi doriwwer akadeemesch Aarbechte fir aner Fuerscher ze schreiwen. Am Mee 1954 war nach ee Seminar zu Astrida, obwuel de Vansina virun allem dohi gereest ass fir d'Claudine erëm ze gesinn, mat där hie mëttlerweil verloobt war. Si sinn am September 1954 bestuet ginn. De Vansina huet sech zu där Zäit och entscheet, seng Dokteraarbecht an der Geschicht ze schreiwen.

Den 1. Oktober 1954 ass de Jan Vansina vum belsche Militär agezu ginn, fir déi nächst 18 Méint war hien an der Base vu Kamina an der Provënz Katanga stationéiert. Am Februar 1956, kuerz ier säi Militärdéngscht eriwwer war, huet seng Fra säi Bouf, de Bruno, op d'Welt bruecht.

Nodeem hien den 22. Mäerz 1956 aus der Arméi entlooss gi war, ass de Jan Vansina e puer Méint duerch d'ganzt Kuba-Land gereest. Hien huet dobäi enorm vill nei Informationen iwwer d'Geschicht vun de Kuba gesammelt, an al Informatiounen iwwerpréift.

Den 1. Juli 1956 ass de Vansina mat senger Famill zeréck an d'Belsch gereest. Obwuel hien et deemools nach net wousst, sollt hien ni méi d'Geleeënheet kréien nach eng Kéier an de Kongo bei d'Kuba ze reesen.

En Historiker vun Afrika[änneren | Quelltext änneren]

De Jan Vansina ass ee vun de Pionéier vun der afrikanescher, a virun allem der mëndlecher, Geschicht. Obwuel hien als Anthropolog an de Kongo bei d'Kuba geschéckt gi war, huet hien do seng Léift fir Afrika, seng Awunner a seng Geschicht entdeckt. Et sollt allerdéngs e relativ laange Kampf fir hie gi bis d'afrikanesch Geschicht als Fachgebitt unerkannt an etabléiert war.

Nodeem de Jan 1956 zu Bréissel ukomm ass, huet hie mat senger Famill an engem klengen Appartement gelieft, bis hie seng Dokteraarbecht konnt verdeedegen.

Well hien dëst awer eréischt 1957 konnt maachen, an an der Tëschenzäit net konnt schaffen, hu seng Fra a säi Bouf aus finanzielle Grënn nees zeréck op Astrida misse goen. De 16. Oktober 1957 ass dem Jan seng Dokteraarbecht vun der Uni Leuven unerkannt ginn. Nodeem et sou laang gedauert hat, war hien elo méi wéi jee determinéiert, an Afrika Historiker ze ginn.

Enn 1957 huet de Jan Vansina d'Plaz als Direkter vun der IRSAC-Statioun zu Astrida iwwerholl. Hie war och domat averstanen, zu Lovanium, enger nei gegrënnter Universitéit am Kongo, als Professer Coursen ze halen. Och do huet hien erëm mëndlech Geschicht a Gedichter iwwer d'Herrscher vum Ruanda dokumentéiert, fir se dann zum Schluss ze publizéieren. Fir dëse Projet ze realiséieren huet hien ab 1958 seng Leit duerch d'ganzt Land geschéckt fir Informaten ze fannen, ausserdeem huet hien och nach ugefaangen am Burundi ze fuerschen. Doriwwer eraus huet hien 1958 och nach seng Carrière als Professer op der Universitéit vu Léopoldville ugefaangen.

D'Enn vun den 1950er Jore war d'Zäit wou vill Länner an Zentralafrika hir Onofhängegkeet kruten, soudatt de Vansina d'Projeten am Kongo an am Ruanda nach fäerdeg gemaach huet, fir dann 1960 erëm zeréck an d'Belsch ze reesen, wou seng Fra a säi Bouf schonn op hie gewaart hunn.

E Belsch an Amerika[änneren | Quelltext änneren]

De 26. November 1960 ass de Jan Vansina a seng Famill zu Madison an Amerika ukomm. Hien hat do eng Plaz op der University of Wisconsin ugeholl, wou hien d'Hallschent vun der Zäit als Professer an déi aner Hallschent an der Recherche geschafft huet. Dëst huet et him erméiglecht, fir seng Recherchen aus deene Jore virdrun op de Pabeier ze bréngen.

Et huet allerdéngs e bësse gedauert bis de Jan a seng Famill sech an Amerika agelieft haten, vu que d'Liewen an d'Kultur do ganz aanescht ware wéi an Afrika oder och an Europa. Wat him awer direkt gefall huet war déi informell Relatioun tëscht Professeren an hire Studenten. Hien a seng Famill sinn an Amerika häerzlech empfaange ginn, sou hu si senger Fra ënner anerem gehollef Englesch ze léieren.

De Vansina war mat responsabel fir zu Madison Afrikanesch Geschicht als Fach z'etabléieren an opzebauen. Och do huet de Vansina Pionéieraarbecht geleescht, well vill Unien an Amerika hunn duerno d'Strukture vum afrikanesche Geschichtsprogramm vu Madison iwwerholl. No zwee Joer war et fir hien Zäit nees an der Recherche ze schaffen. D'Recherche hat hie schonn ëmmer wäit méi faszinéiert wéi d'Aarbecht als Professer. Enn 1962 ass hien dofir nees zeréck an Afrika gereest, wou hie fir den OSTROM (Office de la Recherche Scientifique et Technique d'Outre-Mer) gefuerscht huet. Wärend 5 Méint huet hien do d'prekolonial Geschicht vum Tio Kinnekräich am Kongo-Brazzaville erfuerscht.

Am Summer 1964 ass de Jan Vansina mat senger Famill zeréck op Madison komm. Dëst war an Amerika eng revolutionär Zäit, engersäits duerch den Civil Rights Movement an anerersäits duerch de Vietnamkrich. D'afrikanesch Geschicht huet zu där Zäit en Héichpunkt u Popularitéit erreecht, an huet sech iwwer Joren ëmmer méi vergréissert. Ausserdeem waren och d'Studentebeweegungen Enn vun den 1960er Joren op hirem Héichpunkt. 1968 ass de Campus zu Madison vun der Nationalgarde besat ginn an 1970 ass e Gebai um Campus explodéiert. 1970 ass zu Madison och een African American Studies Program gestart ginn.

Ufanks vun den1970er Joren huet dem Vansina seng Roll als Professer och ëmmer besser gefall, virun allem seng Aarbecht mat Doktoranten. Trotzdeem huet hien 1973 zu Madison gekënnegt fir zeréck a seng Heemecht op d'Universitéit zu Léiwen ze goen. Wéinst akadeemeschen Differenzen huet hien 1974 awer nees do demissionéiert, fir den 21. August 1975 erëm zu Madison unzekommen, wou hien a seng Famill sech, des Kéier definitiv, niddergelooss hunn.

Seng lescht Feldaarbecht huet de Vansina 1977 ugefaangen. Hien ass mat engem vu sengen ale Studenten a Libyen gereest fir do en Institut fir mëndlech Geschicht opzebauen - fir de Vansina eng absolut Dramaarbecht.

Hien huet ausserdeem och nach bei engem Unesco-Projet iwwer afrikanesch Geschicht matgeschafft.

Enn vun den 1970er Joren an Ufank vun den 1980er Joren huet de Vansina op verschiddenen Universitéite Course ginn z. B. zu Paräis oder am Pennsylvania.

D'Enn vun enger grousser Karriär[änneren | Quelltext änneren]

1985 as de Vansina Chef vum African Studies Programm zu Madison ginn.

1986 ass fir hien en Dram wouer ginn wéi hien zu Beijing Coursen iwwer Zentralafrikanesch Geschicht konnt ginn. Schonn als Kand hat China hien ëmmer faszinéiert.

Nodeem hien 1986 séchergestallt hat, datt d'afrikanesch Geschicht zu Madison weider finanzéiert géif, war et Zäit fir hien, lues a lues an d'Pensioun ze goen. Tëscht 1990an 1991 huet hie keng nei Doktorande méi ënnerstëzt an huet och ëmmer manner Coursen op der Uni ginn. Déi lescht wichteg Aufgab fir de Vansina war elo just nach, sécherzestellen, datt d'afrikanesch Geschicht als Fach zu Madison weiderhi bestoe sollt.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Vansina, Jan (1965). Oral Tradition. A Study in Historical Methodology (Iwwersat aus dem Franséische vum H. M. Wright). London: Routledge & Kegan Paul.
  • Vansina, Jan (1966). Kingdoms of the Savanna. Madison, Wisconsin Universitéits Press Wisconsin
  • Vansina, Jan (1985). Oral Tradition as History. Madison, Wisconsin Universitéits Press Wisconsin
  • Vansina, Jan (1990). Paths in the Rainforests. Madison, Wisconsin Universitéits Press Wisconsin
  • Vansina, Jan (1994). Living With Africa. Madison, Wisconsin Universitéits Press Wisconsin
  • Vansina, Jan (2004). Antecedents to Modern Rwanda: The Nyiginya Kingdom Universitéits Press Wisconsin
  • Vansina, Jan (2004). How Societies Are Born: Governance in West Central Africa Before 1600. Charlottesville, Virginia Universitéits Press Virginia
  • Vansina, Jan (2010). Being Colonized: The Kuba Experience in Rural Congo, 1880-1960. Madison, Wisconsin Universitéits Press Wisconsin

Quell[änneren | Quelltext änneren]

Quell fir dësen Artikel ass d'Autobiographie vum Jan Vansina: Living with Africa.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]