Jean Kuffer

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Jang Kuffer)
Jean Kuffer
De Jean Kuffer (lénks) mam Baron Lunden (riets) an der Prinzessin Alix vu Lëtzebuerg[1]
Gestuerwen 15. Juli 1969
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sportler, Bobfuerer
Gewiicht 102 kg


De Jean Kuffer, gebuer 1907 oder 1908[2],[3] a gestuerwen de 15. Juli 1969[3], war e lëtzebuergesche Sportler am Bobfueren.

Hien huet d'Goldmedail am Zweeërbob op der Weltmeeschterschaft 1939 zu Sankt Moritz an der Schwäiz, zesumme mam Belsch Baron René Lunden um Steier, gewonnen[4].

Ursprénglech sollten zwou Lëtzebuerger Ekippen untrieden:

  • Henri Koch - Henri Reding an
  • Jean Kuffer - Jules Michels

De Koch hat sech awer beim Training blesséiert, sou datt deen net matfuere konnt an de Michels wollt net deelhuelen, well d'Naturäisbunn him zevill geféierlech war. An der belscher Ekipp war de Véiererbob och accidentéiert a just de Pilot, de Baron René Lunden gouf net blesséiert.

A leschter Minutt ass de Jang Kuffer agesprongen a mam Baron Lunden un de Start gaangen, nodeems dat vun der FIBT (Fédération internationale de bobsleigh et tobogganging) positiv aviséiert gi war. A si sinn du Weltmeeschter ginn! Dat erkläert och datt de Coequipier vum Baron Lunden meeschtens mat engem falschen Numm an de Medailen-Archiven ugi gëtt an d'Goldmedail als Goldmedail fir d'Belsch enregistréiert ass.

Mat der Goldmedail déi de Jean Kuffer als Coequipier gewonnen hat, ass d'Geschicht vun de Lëtzebuerger Bobfuerer eriwwer; no 1939 ass keng lëtzebuergesch Ekipp méi bei internationale Championnater ugetrueden.

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Léon N. Nilles: Ein Luxemburger Weltmeister im Bob, in: Lëtzebuerger Journal. - Jg. 45(1992), Nr. 20(30. Januar), p. 7, ill
  • Pierre Kellner: Bäitrag iwwer d'Bob-Weltmeeschterschafte vun 1939, An Nouvelles Sportives, erausgi vum Pier Kellner, 13.Februar 1939
  • Klepper, Georges et al. 140 Jahre Luxemburger Sportgeschichte(n) 1884 - 2023  : kuriose Eriegnisse - unbekannte Helden - herausragende Leistungen. Ehlerange: Reka, 2023. Print. ISBN 978-99959-0-885-0

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (de)Bild links: Unsere Prinzessin Alix bei den Weltmeistern Baron Lunden (rechts) und Jeun Kuffer (links), In: Obermosel-Zeitung, 59. Jg., nº 45, S. 4. (23.02.1939). Gekuckt de(n) 16.11.2023.
  2. (de)"Jean Kuffer ist, wie er selbst sagte, 32 Jahre alt.", in: Unser Bobweltmeister Jean Kuffer..., Obermosel-Zeitung, 60. Jg., nº 38, S. 3.. Obermosel-Zeitung (14.02.1940). Gekuckt de(n) 16.11.2023.
  3. 3,0 3,1 (fr)"décédé inopinément à Luxembourg, le 15 juillet 1969, à l'âge de 62 ans", Avis de décès 7 Page 9. In: Luxemburger Wort, 122. Jg., n° 197, S. 9.. Luxemburger Wort (16.07.1969). Gekuckt de(n) 16.11.2023.
  4. Wintersport - Ein Luxemburger Weltmeister am Luxemburger Wort vum 11. an 12. Februar 1939 op eluxemburgensia.lu
  5. (de)Auszeichnung. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (25. November 2023). Gekuckt de(n) 2023-11-17.
  6. (de)Auszeichnung. Obermosel-Zeitung. eluxemburgensia.lu (25. November 1939). Gekuckt de(n) 2023-11-17.