Janis Joplin

Vu Wikipedia
Janis Joplin
Portrait vun 1969
Gebuertsnumm Janis Lyn Joplin
Gebuer 19. Januar 1943
Port Arthur
Gestuerwen 4. Oktober 1970
Hollywood
Nationalitéit USA
Educatioun University of Texas
Aktivitéit Sänger, Liddermécher, Komponist, Museker, Gittarist, Discographesche Kënschtler

D'Janis Lyn Joplin, gebuer den 19. Januar 1943 zu Port Arthur am Texas, a gestuerwen de 4. Oktober 1970 zu Los Angeles, war eng US-amerikanesch Musekerin a Sängerin.

Si gouf an de spéiden 1960er Jore bekannt als Sängerin vun der Psychedelic-Acid Rock-Band Big Brother and the Holding Company, an duerno als Solo-Musekerin mat hirer eegener Band, fir d'éischt der Kozmic Blues Band an dunn der Full Tilt Boogie Band. Si ass um Monterey Pop Festival an um legendäre Woodstock Festival opgetrueden, an hat wärend hirer kuerzer Carrière Erfolleg mat enger Rei Titelen, wéi Down on Me, Summertime, Piece of My Heart, Ball 'n' Chain, Maybe, To Love Somebody, Kozmic Blues, Work Me, Lord, Cry Baby a Mercedes Benz, wouvunner der fënnef et an d'Charts gepackt hunn, an een, Me and Bobby McGee, Nummer 1 gouf.

Si ass mat nëmme 27 Joer un enger Iwwerdosis Heroin gestuerwen, déi Jore virdru war si schwéier drogenofhängeg, ë. a. och vu Medikamenter an Alkohol. Si gëllt haut nieft dem Jimi Hendrix an dem Jim Morrison als eng vun den zentrale Symbolfigure vun der Hippiezäit an der Hippiekultur, deenen hire Liewensstil ënner Slogane wéi "Sex, Drugs and Rock'n'Roll" a "Live Fast, Love Hard, Die Young" resüméiert gouf.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 1967: Big Brother & the Holding Company featuring Janis Joplin
  • 1968: Cheap Thrills
  • 1969: I Got Dem Ol' Kozmic Blues Again, Mama!

Posthum:

  • 1971: Pearl
  • 1972: Live
  • 1973: Greatest Hits
  • 1975: Janis (Soundtrack)
  • 1982: Farewell Song
  • 1993: Janis Joplin live at Woodstock August 17, 1969
  • 1999: Box of Pearls (5 CDen)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ellis Amburn: Pearl. The obsessions and passions of Janis Joplin; a portrait. Warner Books, New York 1995, ISBN 0-7515-0856-X.
  • Gottfried Blumenstein: Janis Joplin. Biographie einer Rocksängerin. Musikverlag Lied der Zeit, Berlin 1988, ISBN 3-7332-0040-3.
  • Axel von Cossart (Hrsg.): Janis Joplin. Revolte, Musik, Legende. Voco-Edition, Köln 1991, ISBN 3-926566-00-0.
  • David Dalton: Piece of My Heart. A portrait of Janis Joplin. Da Capo Press, New York 1991, ISBN 0-306-80446-8.
  • Alice Echols: Janis Joplin. Piece of My Heart; die Biographie. Fischer, Frankfurt am Main 2003, ISBN 3-596-15435-9.
  • Myra Friedman: Die Story von Janis Joplin. („Buried Alive“). Hannibal-Verlag, St. Andrä-Wördern 2002, ISBN 3-85445-169-5.
  • Heinz Geuen: Janis Joplin. Hemmungslos das Leben spüren. 2. Aufl. Econ Ullstein List Verlag, München 2001, ISBN 3-548-60185-5.
  • Laura Joplin: Love, Janis. Ein wildes kurzes Leben; Biographie mit unveröffentlichten Briefen. Heyne, München 1995, ISBN 3-453-09207-4.
  • Deborah Landau: Janis Joplin. Her life and times. Warner Books, New York 1974.
  • Ingeborg Schober: Janis Joplin. Dtv, München, 2002, ISBN 3-423-31065-0.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Janis Joplin – Biller, Videoen oder Audiodateien