Japanesch Kiischtebeem op der Kockelscheier
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'japanesch Kiischtebeem (Prunus serrulata) op der Kockelscheier an der Stad Lëtzebuerg stinn um Wuess tëschent dem ëffentleche Parking an dem Wee laanscht deen ënneschte vun deenen dräi Weieren déi der Gemeng Lëtzebuerg gehéieren.
Am Fréijoer 2012 sinn et 47 Beem.
Si goufen 1981, zesumme mat am ganzen 200 Beem vun dëser Aart, der Stad Lëtzebuerg vum Yoshiyuki Urata geschenkt, an zwar jee 50 Beem vu jidderenger vu véier Variétéiten.[1] Am Laf vun de Jore goufen eng Rëtsch vun hinnen duerch nei, jonk Kiischtebeem ersat.
Un den Don vun de Beem erënnert, op engem Bamstamm, eng bronze Plack mat engem Text op Franséisch an op Japanesch. Hei de franséischen Text:
- 200 cerisiers japonais
- 50 Somei Yoshino
- 50 Yaebeni Shidare
- 50 Ichiyo
- 50 Shogetsu
- présentés (sic) de Monsieur Yoshiyuki Urata
- Haibara-cho. Fukunishi. Nara-ken. JAPON
- à la Ville de Luxembourg
- en espérant que l'amitié éternelle
- durera entre le Grand-Duché de
- Luxembourg et le Japon.
- 10 mars 1981
Literatur [änneren]
- Welter, A., J. Turk & J. Trossen, 2008. Les arbres introduits au Luxembourg. Inventaire des esssences arborescentes non indigènes de pleine terre présentes sur le territoire du Grand-Duché de Luxembourg. – Ferrantia 53, S. 67 PDF
Kuckt och [änneren]
- Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
- Arboretum Kierchbierg
- Botanesch Gäert zu Lëtzebuerg
- Fréiere botanesche Gaart vun der Stad Lëtzebuerg
- Haus vun der Natur op der Kockelscheier
Biller [änneren]
Referenzen an Notten [änneren]
- ↑ Si stinn net op der 'offizieller' Lëscht vun de Bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg (Sinner J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. Am Band Les arbres introduits au Luxembourg vun 2008 (cf. Literatur) ginn se kuerz ernimmt.