Jarosław Kaczyński

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Jarosław Kaczyński

De Jarosław Kaczyński, gebuer den 18. Juni 1949 zu Warschau, ass e polnesche Politiker.

Hien ass de President vun der Partei Recht a Justiz (PiS) a war, vum 10. Juli 2006 bis de 5. November 2007, Premierminister vu sengem Land. Am Juni/Juli 2010 war hie Kandidat fir d'Presidentschaft vu Polen, huet d'Walen awer knapps géint de Bronislaw Komorowski verluer.

De Jarosław Kaczyński ass den eeneeëgen Zwillingsbrudder vum Lech Kaczyński, deen, wéi e President vu Pole war, am Abrëll 2010 bei engem Fligeraccident ëm d'Liewe koum. Si goufen allebéid schonn als Kanner bekannt, wéi s'am Film "Déi Zwéin, déi de Mound geklaut hunn" d'Haaptroll haten. De Jarosław Kaczyński huet Droit studéiert a war an den 1970er Joren aktiv am Comité fir d'Verdeedegung vun den Aarbechter (KOR) a spéider an der Gewerkschaft Solidarność.

Vun 1989 bis 1991 war e Senator a Kabinettschef vum Lech Wałęsa. 1990 huet e mat sengem Brudder eng nei Partei, Porozumienie Centrum (PC), gegrënnt a gouf fir si 1991 an d'Parlament gewielt. 1993 ass dës un der 5%-Barrière hänke bliwwen a war net méi am Parlament vertrueden. 1997 gouf en enger anerer Lescht, där vun der Bewegung fir den Neiopbau vu Polen, nees an d'Parlament gewielt.

2001, huet e mat sengem Brudder d'Partei Prawo i Sprawiedliwość (PiS, "Recht a Justiz") gegrënnt, gouf datselwecht Joer op hirer Lëscht an d'Parlament gewielt an 2003 hire President.

Commons: Jarosław Kaczyński – Biller, Videoen oder Audiodateien