Jaroslawl

Vu Wikipedia
Jaroslawl
Land Russland
Federatiounskrees Zentralrussland
Status Oblast
Regioun Jaroslawl
Gegrënnt 1010
Awunner 601.403 (1. Januar 2021)
Fläch 205.37
Koordinaten 57°37'0"N, 39°51'0"O
Zäitzon UTC+3
Telefonszon 4852
Postcode 150000–150066
Websäit https://city-yaroslavl.ru/


Promenade laanscht d'Wolga

Jaroslawl (Russesch: Ярославль) ass eng Stad a Russland, ongeféier 250 Kilmoeter nordëstlech vu Moskau. Et läit un der Wolga, do, wou d'Kotorosl dra leeft, an ass d'Prefecture vum Oblast Jaroslawl. Et huet 613.088 Awunner (2002).

Jarolawl läit no bei Timerjowo, enger Wikingersiidlung aus dem 8. oder 9. Joerhonnert. Ier d'Slawen dohi koumen, hunn d'Leit eng finugresch Sprooch do geschwat.

Jaroslawl soll 1010 duerch de Jaroslaw de Weisen gegrënnt gi sinn, als Verdeedegungspunkt vum Fürstentum Rostow géint Iwwerfäll, déi aus dem Norde kéimen. Zu der Zäit vum Kiewer Räich war Jaroslawl eng vun den ëstlechste Stied vum Räich. 1218 gouf Jaroslawl d'Haaptstad vum onofhängege Fürstentum Jaroslawl, dat dat sech virdru vum Fürstentum Rostow ofgespléckt hat. D'Stad huet sech, wéinst hirer Lag um Floss, schëtzeg zu engem Handels- an Handwierkszentrum entwéckelt, Kierchen a Kléischter goufe gebaut. Bei de Mongolesch Iwwerfäll a Russland gouf d'Stad e puermol an e Koup gebrannt. 1238, bei der Invasioun vun den Tataren, gouf se komplett zerstéiert. Se gouf awer ëmmer nees opgebaut. 1463 koum se ënner d'Herrschaft vu Moskowien.

An der Zäit vun den Onrouen, wéi 1612 d'Polen Moskau eruewert haten, gouf Jaroslawl fir 5 Méint de facto d'Haaptstad vu Russland. Zu där Zäit waren d'Truppe vum Kosma Minin an Dmitri Pozjarski do stationéiert, déi méi spéit Moskau nees befreit hunn. Zu där Zäit war Jaroslawl déi zweetgréisst Stad vu Russland.

Am 17. an 18. Joerhonnert huet Jaroslawl seng Positioun als Handels- an Hanwierkzentrum gefestegt, an et goufen ëmmer méi Haiser aus Steen gebaut. Dës goufen an engem typesche regionale Stil gebaut, woubäi dacks Fresco-Molereien zum Asaz koumen. Méi spéit gouf d'Stad en Zentrum fir Textilindustrie. Zanter 1796 ass Jaroslawl d'Prefektur vun enger Regionalregierung. 1805 huet de Pawel Demidow eng Secondairesschoul gestëft, déi 1833 an e Lycée ëmgewandelt gouf. Tëscht 1870 an 1898 gouf Jaroslawl duerch Eisebunnslinne verbonne mat Moskau, Wologda, Kostroma a Sankt Péitersbuerg.

An der Sowjet-Zäit gouf Jaroslawl zu engem Zentrum vun der Schwéierinsdustrie ausgebaut. Zanter 1971 ass et eng Universtiéitsstad mat Fakultéite fir Sozial- an Naturwëssenschaften.

Den historeschen Zentrum steet op der UNESCO-Lëscht vun de Weltkulturierwen. Jaroslawl gehéiert zu de Stied vum "Gëllene Rank".

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ярославль – Biller, Videoen oder Audiodateien