Jason Newsted

Vu Wikipedia
Jason Newsted
Pseudonym Jasonic
Gebuer 4. Mäerz 1963
Nationalitéit USA
Aktivitéit Bassist, Sänger, Komponist, Gittarist
Member vun Metallica

Den Jason Curtis Newsted, gebuer de 4. Mäerz 1963 zu Battle Creek am Michigan, ass en US-amerikanesche Museker, deen als Bassist vun der Band Metallica a spéider vu VoiVod an Ozzy Osbourne an och als Frontman vu sengem Projet EchoBrain bekannt gouf.

Liewen a Carrière[änneren | Quelltext änneren]

Den Newsted huet am Alter vu 14 Joer ugefaangen E-Bass ze spillen an huet mat dräi Kolleegen d'Band Dogz, déi spéider Flotsam and Jetsam, gegrënnt, déi als Virband bei Concerte gespillt huet. Zu Metallica ass hien 1986 gestouss nodeem där hire Bassist, de Cliff Burton, bei engem Busaccident ëmkomm war. Op ...And Justice For All, dem éischten Album mat där Band, war en awer quasi net ze héieren.

2001 huet hie Metallica verlooss ënner dem Pretext Probleme mat der Wierbelsail ze hunn, déi hie sech duerch iwwerdriwwent "Headbangen" zougezunn hätt. A Wierklechkeet konnt hien awer seng Divergenze mam James Hetfield an anere Gruppememberen iwwer d'Zukunft vun der Band net léisen.

Hie goung du bei VoiVod an huet och eng Zäit an der Band vum Ozzy Osbourne matgespillt a sech haaptsächlech mat sengem eegene Projet "EchoBrain" ofginn.

2009, fir de Concert bei Geleeënheet vun der Opnam vu Metallica an d'Rock and Roll Hall of Fame ass hien nees bei Metallica opgetrueden an huet zesumme mat sengem Nofollger, dem Robert Trujillo, déi wuel bekanntst Metallica-Stécker Enter Sandman a Master Of Puppets gespillt. Sou hu bei dësem Concert zwéi Bassiste gespillt, wat allgemeng gutt ukomm ass.

Ekipement a Stil[änneren | Quelltext änneren]

Den Newsted spillt haaptsächlech op Sadowsky, Alembic an ESP Bassgittaren an am Studio och Instrumenter vu Fender, Gibson a Music Man.

Säi musikalesche Stil ass markéiert a personaliséiert duerch säin eenzegaartegen Toun, säin Optrieden a seng Spillmanéier. Bei Metallica huet hien ëmmer en Tortex-Plektrum benotzt a Säite vun de Marke La Bella an Ernie Ball opgezunn. Hien huet en dynamesche Kompresser benotzt a grad wéi de Cliff Burton, den Toun mat Effektpedallen wéi Chorus, Distortioun a Wah-Wah gestallt. Sou op Concerte bei Stécker wéi For Whom The Bell Tolls oder My Friend Of Misery. Op de Studiosalbumen hat hien ëmmer säi "proppere" Sound, also mat Plektrum a Kompresser.

Dobäi hat hien e ganz aggressive Spillstil op der Bün. Hien huet ganz perkussiv gespillt a war Hannergrondsänger. Heiansdo huet hien och eng Strophe eleng gesongen oder besser gejaut wéi am Creeping Death.

Am Géigesaz zu sengem Virgänger Cliff Burton an och sengem Nofollger Rob Trujillo, déi live ëmmer verzerrt Bass-Soloe virun oder wärend For Whom The Bell Tolls spillen, huet hien op all Concert eng Improvisatioun op dee vun him geschriwwene Bassriff vu My Friend Of Misery ageluecht, dëst natierlech net verzerrt.

Op der Live-DVD Cunning Stunts huet hie mam Kirk Hammett en Duett aus enger Improvisatioun vu "My Friend Of Misery", "Welcome Home (Sanitarium)" an "Nothing Else Matters" gespillt. Hei kann ee ganz gutt de Chorus, deen den Newsted benotzt, héieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jason Newsted – Biller, Videoen oder Audiodateien