Jaume Bartumeu
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jaume Bartumeu Cassany, gebuer den 10. November 1954, ass en andorranesche Politiker.
Hien ass zënter 1982 um Barreau zu Andorra als Affekot ageschriwwen. Hien ass Matgrënner vun der andorranescher sozial-demokratescher Partei, a war tëscht 2000 an 2004 hiren éischte Sekretär. 1990-1992 war hie Minister fir Finanzen, Handel an Industrie.
Bei de Parlamentswale vun 2009 krut seng Partei mat 45.03% (14 Sëtzer) déi meeschte Stëmmen an hie gouf Premierminister. Déi virgezunnen Neiwalen am Abrëll 2011 goufe mat absolutter Majoritéit vun der Oppositiounspartei Demòcrates per Andorra gewonnen.
Hien ass bestuet an huet 2 Kanner.