Jean Werner

Vu Wikipedia
Jean Werner
Gebuer 26. Juli 1941
Lëtzebuerg
Gestuerwen 22. Oktober 2017
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Jongelycée,
Universitéit vun Nanzeg,
Institut d'études politiques de Paris
Aktivitéit Jurist, Botaniker, Zaldot
Member vun Société des naturalistes luxembourgeois
Famill
Papp Pierre Werner

De Jean Werner, gebuer de 26. Juli 1941 an der Stad Lëtzebuerg[1] a gestuerwen den 22. Oktober 2017[2], war e lëtzebuergesche Jurist a Botaniker.

De Jean Werner war e Spezialist vun de Moosplanzen (Bryophyten). Hien huet ronn 100 wëssenschaftlech Aarbechten iwwer den Inventaire, d'Kartéierung an d'Rout Lëschte vun de Mooser zu Lëtzebuerg an och an Däitschland an a Frankräich publizéiert.

Donieft huet hie sech fir den Naturschutz engagéiert. Vun 1989 bis 2012 war hie President vun der Mëllerdallkommissioun vum Ëmweltministère.

Hie war Member vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal. Vun 1985 bis 2002 war hie Vizepresident vun der Société des naturalistes luxembourgeois.

De Jean Werner war mat der Marie-Louise Braun bestuet a Papp vun zwee Kanner. Hie war de Jong vum Pierre Werner.

Studien a Beruff[änneren | Quelltext änneren]

No sengem Studium am Droit huet de Jean Werner eng kuerz Zäit als Affekot an duerno bis zu senger Pensioun an enger Bank zu Lëtzebuerg geschafft.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Werner, J., 1987. Didymodon glaucus Ryan (Musci) dans la Petite Suisse Luxembourgeoise. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 87: 61-67.
  • Werner, J., 1987. Einige seltene mediterrane Moose aus dem mittleren Moseltal (Muschelkalkgebiet, Rheinland-Pfalz, B.R.D.). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 87: 57-60.
  • Werner, J., 2011. Les bryophytes du Luxembourg – Liste annotée et atlas. Ferrantia 65: 1-144. PDF
  • Werner, J. & A. Arendt, 2016. Les sources de la région gréseuse du Luxembourg. Sociologie de la bryoflore et conservation. Ferrantia 74: 1-37. PDF

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (rsd), 2013. Anerkannter Fachmann für Moose. "Präis Hëllef fir d'Natur" für Jean Werner.
  2. Luxemburger Wort 2017-10-24, S. 62 (Doudesannonce)
  3. Präis Hëllef fir d'Natur 2012 Gearchiveerd op 2017-07-01. Gekuckt de(n) 2015-05-24.
  4. 4,0 4,1 Curriculum vitae vum Jean Werner op naturemwelt.lu