Jean-Baptiste Kremer

Vu Wikipedia
Jean-Baptiste Kremer
Gebuer 30. November 1869
Biissen
Gestuerwen 11. Januar 1927
Milwaukee
Aktivitéit Universitéitsprofesser

De Jean-Baptiste Kremer (John B. Kremer), gebuer den 30. November 1869 zu Biissen a gestuerwen den 11. Januar 1927 zu Milwaukee am Wisconsin (USA), war e lëtzebuergesche Jesuitt an Universitéitsprofesser.

Als jonke Mënsch ass de Batti Kremer (Hausnumm: Schummesch Batti) an Amerika gaangen, wou hien 1891 Maschinnist um Schëff "Independance" an duerno op der "Thetis”[1] gouf. 1895 ass hien op Lëtzebuerg[2] zeréckkomm. 1897 ass hien an Holland an de Jesuittenuerden agetrueden. Fir säi Studium ze maachen ass hien nees an Amerika geschéckt ginn. Dräi Joer laang war hien am Campion College,[3] wou hien och enseignéiert huet. Dat war eng vun de Jesuitte gefouert Schoul zu Prairie du Chien am Wisconsin, déi zugläich och eng Anstalt fir d'Ausbildung vu Jesuitte war. Duerno goung hien op de Canisius-College[4] zu Buffalo (New York). Seng eigentlech Theologiesstudien huet hien zu Valkenburg an Holland absolvéiert an zu Saint Louis (Missouri) ofgeschloss. Do ass hien de 26. August 1908 am Alter vun 38 Joer ordonéiert ginn.

Vun 1914 un huet hien op der Marquette University Physik a Maschinnebau dozéiert. Hien huet sech awer och an der Botanik, der Astronomie an der Geologie auskannt.

Besonnesch markant waren dem J.B. Kremer seng Aarbechten um Gebitt vun der Radiostechnik: hien huet op der Marquette University e Radiossender an d'Liewe geruff.[5]

De J.B. Kremer ass zu Milwaukee am Spidol vun der Marquette University un enger Longenentzündung gestuerwen an um Calvary Cemetery[6] vu Milwaukee begruewe ginn.

Zu Bissen huet eng Strooss dem Schummesch Batti säin Numm: rue J.B. Kremer S.J. (L-7790).[7]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonym, 1927. Bissen, 8. Febr. Luxemburger Wort 1927, Nr. 39 (8. Februar), S. 5. [2]
  • Kalmes, Victor, 2002. Bissen - seit eh und je. Band 2. Luxemburg, Ed. St Paul, 567 S. (Jean Baptiste Kremer, 1869-1927: S. 270-272).
  • Lucius, Marc (M.L.), 2009. Eis Stroossennimm (10): Rue J.B. Kremer S.J. In: Klautjen, Gemengeblat Biissen, Nr. 10/2009-1, S. 2. [3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Thetis. In: Dictionary of American fighting Ships
  2. An engem amerikaneschen Noruff, deen am "Wort" publizéiert gouf, steet iertemlecherweis: "Deutschland” (kuck: Anonym 1927).
  3. Wikipedia, the free encyclopedia: Campion High School
  4. Wikipedia, the free encyclopedia: Canisius College
  5. Kuck: Hunolt, Greg, 2010. On the Air in Milwaukee in the 1920's. WARCI News, October 2010, S. 8-17. [1]
  6. Wikipedia, the free encyclopedia: Calvary Cemetery (Milwaukee).
  7. Lucius 2009.