Jean-Claude Finck

Vu Wikipedia
Jean-Claude Finck
Gebuer 22. Januar 1956
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ekonomist

De Jean-Claude Finck, gebuer den 22. Januar 1956 zu Péiteng, ass e lëtzebuergeschen Ekonomist a Banquier. Hie war vun 2004 bis Februar 2016[1] Generaldirekter vun der Spuerkeess.

Beruffleche Parcours

Säin Universitéitsstudium huet de Jean-Claude Fink op der Universitéit Aix-Marseille III mat enger Maîtrise en science économiques appliquées ofgeschloss. Hien huet seng berufflech Carrière als Finanzattaché bei der TrefilArbed ugefaangen. 1983 ass hie fir d'éischt bei d'Bourse an 1988 da bei d'Spuerkees gewiesselt, wou e fir de Private Banking verantwortlech war. 1996 gouf de Jean-Claude Fink do an de Comité de direction opgeholl, an 2001 zum Directeur général adjoint ernannt, ier hien 2004 Generaldirekter gouf.

Hien huet d'Bank a verschiddene Firme vertrueden, sou z. B. als Vizepresident bei der Bourse an der Luxair. Ënner anerem ass hien och Member an de Comitéë vun der CSSF, der Cargolux, der Luxembourgeoise, der Luxembourgeoise-Vie, vu Paul Wurth, der SES souwéi der Caritas Lëtzebuerg.[2]

Referenzen

  1. Spuerkeess sucht neuen Generaldirektor wort.lu 25. November 2015
  2. Profil op paperjam.lu; archivéiert