Jean-Marie Biwer

Vu Wikipedia
Jean-Marie Biwer
Gebuer 17. September 1957
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
"arbre", Ueleg op Léngent, 190 × 260 cm, 2008

De Jean-Marie Biwer, gebuer de 17. September 1957 zu Diddeleng, ass e lëtzebuergesche Moler.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1973 bis 1974 huet hien eng Ausbildung am Lycée Technique des Arts et Métiers an der Stad Lëtzebuerg gemaach. 1974 huet hien d'Entscheedung getraff, fräischafende Moler ze ginn. Hien ass jorelaang duerch Europa gereest an huet a Fabrécken an op Bauerenhäff geschafft fir sech säi Liewensënnerhalt ze verdéngen. An de Pyrenäen huet en 1978 seng Fra kennegeléiert, d'Konschtfotografin Geneviève Badoual. 1980 koum en zeréck op Lëtzebuerg an huet sech am Éislek niddergelooss.

Zanter 1982 wunnt a schafft de Jean-Marie Biwer zu Kierchen an der Gemeng Ëlwen. Hien ass bestuet a Papp vun zwee Kanner.

Ausstellungen an Aarbechten[änneren | Quelltext änneren]

Faïences de Moustiers, MUDAM, 2015. (Foto Geneviève Biwer)
  • 1986 hat hie seng éischt wichteg Eenzelausstellung an der Galerie Sünnen zu Bech-Maacher. Zanterhier huet en u ronn 50 Eenzelausstellungen an iwwer 100 Gruppenausstellungen a ganz Europa an an Asien deelgeholl.
  • Vun 1987 bis 1999 huet hie reegelméisseg an der Galerie La Cité ausgestallt, vun 2000 bis 2006 an der Galerie Clairefontaine an zanter 2007 schafft hie mat der Galerie Nosbaum & Reding zesummen.
  • 1987 gouf hie mam 1er Prix de la critique de la Biennale des Jeunes zu Esch-Uelzecht ausgezeechent. Zesumme mat der Patricia Lippert a mam Fernand Roda huet hie Lëtzebuerg an der Ausstellung Eighty - Les peintres de l'Europe des années 80, déi zwee Joer laang an den europäeschen Haaptstied gewise gouf, vertrueden.
  • 1989 gouf hien um Salon vum Cercle artistique de Luxembourg mam Prix de Raville ausgezeechent. Zanter deene Jore schafft hie reegelméisseg mat Galerien a Frankräich, der Belsch, Däitschland an Holland zesummen a seng Aarbechte sinn op der Art Basel, Art Cologne, Lineart Gent, Fiac Paris an der Amsterdam Art Fair ze gesinn.
  • 1993 huet hien, zesumme mam Bertrand Ney, Lëtzebuerg op der Biennale vu Venedeg vertrueden.
  • 1997 huet hien zesumme mam Fernand Roda d'Ausstellung Dernier Tango an engem Industriegebai hanner der Gare an der Stad Lëtzebuerg gewisen, mat Biller, Installatiounen a Videoaarbechten.
  • 2000 huet hien zu Bitburg de Billerzyklus Statements ausgestallt, eng Ausstellung mat 56 Biller vun 200 × 205 cm, déi hien 10 Joer laang virbereet hat.
  • 2000 huet hien de "Prix d'Art Sacré" gewonnen, dee vun der Sankt-Paulus Dréckerei organiséiert an ënner dem Patronage vum Kulurministère, dem Héichschoul- a Fuerschungsministère an dem Äerzbistum Lëtzebuerg gemaach gouf. Als Gewënner duerft hien de Evangeliar op Lëtzebuergesch, deen 2009 erauskoum, illustréieren.
  • 2004 huet hien e Sall vun der Ambassade zu Washington mat Fresken dekoréiert.
  • 2005 huet de MUDAM Aarbechte vun him fir d'Sammlung an Optrag ginn.
  • 2007 gouf zu Diddeleng am Festsall vun der Gemeng e grousst Bild vum Moler iwwer Diddeleng fir de Centenaire vun der Stad ageweit.
  • 2008 Eenzelausstellung A Wooden Sketchbook an der Galerie l'Indépendance vun der Dexia. Hie weist am MUDAM eng Aarbecht am Kader vun der Expo ELO (Inner Exiles- Outer Limits).
  • 2009 Eenzelausstellung, Galerie Nosbaum & Reding, Lëtzebuerg.
  • 2011 Eenzelausstellung Believe it or not, IKOB Museum für zeitgenössische Kunst zu Eupen an der Belsch.
  • 2013 Eenzelausstellung Accrochage 2, Ohne feste Bleibe, Gallery zu Saarbrécken am Saarland.
  • 2015 Eenzelausstellung Les Faïences de Moustiers, MUDAM Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean, Lëtzebuerg
  • 2018   "Exigences" - JM Biwer et Jérôme Koch, CAW, Walferdange, Luxembourg
  • 2019   De la Peinture à la Mosaïque, JM Biwer & Carlo Signorin , Casa Spadone / Ravenna / Italy
  • 2020 "D'après Nature", exposition monographique, Mudam / Musée d'Art Moderne, Luxembourg

Bibliographie / Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 2015 Illustratioune fir d'portugisesch kulturel Publiktioun Abril 50
  • 2013 «Art Box Jean- Marie Biwer», RTL productions
«Atelier Luxembourg», e Film vum Yann Tonnar, Casino Luxembourg Contemporary Art Productions
Illustratioune fir «L'envers de tous les endroits», Lambert Schlechter, Éditions phi, Collection graphiti, 2010, ISBN 978-2-87962-281-1
«Évangiliaire», Jean-Marie Biwer (Illustratiounen), Saint-Paul Lëtzebuerg
  • 2008 «A Wooden Sketchbook», Dexia-BIL, mat Texter vum Ralph Melcher a Francis Feidler
Jean-Marie Biwer, Text Hilda Van Heel, nos cahiers Nr 4, Saint Paul Lëtzebuerg

Wierker an ëffentleche Kollektiounen[änneren | Quelltext änneren]

"Grand paysage" (Kollektioun Gemeng Ëlwen, 2015.
  • IKOB zu Eupen
    • Statements 29/56, Ueleg op Léngent, 200 × 205 cm, 2000
    • Statements 33/56, Ueleg op Léngent, 200 × 205 cm, 2000
    • Statements 34/56, Ueleg op Léngent, 200 × 205 cm, 2000
  • Eurozentralbank Frankfurt, Hall d'entrée: Statements 30/56, Ueleg op Léngent, 200 × 205 cm, 2000
  • Nationalmusée fir Geschicht a Konscht:
Verschidde Wierker aus 30 Joer, dorënner "Heaven" vun 2009-2010, Ueleg op Léngent, 260 × 480 cm an och "Sans Titre" Ueleg op Léngent, 160 × 190 cm vun 2012
  • Mudam Musée d'Art Moderne Grand Duc Jean, Lëtzebuerg:
"Atelier", 180 x180 cm, Ueleg op Léngent, 2004 - 2005 a 16 Zeechnungen, Tusch op Pabeier, och 2004 - 2005
  • SIDOR, Leideleng, Lëtzebuerg, Entrée: Ciel n° 9, 2009
  • Nationalbibliotheik Lëtzebuerg: 2 carnets d'artistes
  • Gemeng Diddeleng, Festsall vun der Gemeng: Diddeleng am Joer 2007, honnert Joer Stad Diddeleng, Ueleg op Léngent, 400 × 400 cm
  • Clinique Eech, Lëtzebuerg, Entrée: "Atelier n°2", Ueleg op Léngent, 2008, 190 × 260 cm
  • Gemeng Ëlwen, "Grand paysage", Acryl op Léngent, 190 × 260 cm an 8 aner Vuen (40 × 40 cm) vun Uertschaften aus der Gemeng

Literatur (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Biwer, Jean-Marie, 1992. L'anarchiste bigot: journal d'un peintre. 245 p. Éditions Phi, Echternach. ISBN 2-87962-021-X [Ausschnëtter aus dem Moler sengen Tagebicher aus de Joren 1987 bis 1991]
  • Biwer, Jean-Marie, 1992. eternity can be heard in a stone: exposition du 27 novembre au 31 décembre 1992. 44 p. Éditions Galerie La Cité. ISBN 2-919977-01-6. [Biller aus de Joren 1990-92]
  • Biwer, Jean-Marie, 1997. from then to now - (paintings from 1980 to 1996). [Layout a Konzept: Jean-Marie Biwer ; Texter vum Ina Nottrot a vum Lucien Kayser]. 183 p. Coédition Galeries / éditions Phi, Luxembourg. V. Buck, Luxembourg. [Biller vun 1980 bis 1996. 1200 exemplaires sur papier Luxosatin dont 100 exemplaires sous coffret avec une sérigraphie originale signée par l'artiste de 1 à 100]
  • Biwer, Jean-Marie, 2001. Statements. 56 paintings. [Katalog: Luc Braconnier, Marietta Franke, Jean-Marie Biwer; Texter vum Dr. Marietta Franke]. 132 S. Erausgi vun Islek ohne Grenzen EWIV, Arzfeld & Kreisverwaltung Bitburg-Prüm, Bitburg.
  • Biwer, Jean-Marie, 2005. C'est comment de l'art ? Éditions du Mudam, Musée d'art moderne Grand-Duc Jean. Luxembourg.
  • Cambau, Laure, 2007. le couteau dans l'étreinte. Recueil de poêmes. Illustrations de Jean-Marie Biwer. Collection graphiti aux éditions phi, en coédition avec Les écrits des forges, Québec.
  • Kayser, Lucien, 1993. Jean-Marie Biwer & Bertrand Ney. XLVe Biennale de Venise. Ausstellungskatalog.
  • Kayser, Lucien, 2009. face à face: la fonction publique et l'art luxembourgeois. Confédération générale de la fonction publique. Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87954-212-6. (Ss. 60-61)
  • Lorent, Claude, 1993. seven small green stones. Éditions Galerie Denise van de Velde, Belgique. [Katalog vun der Ausstellung vu Februar '93]
  • Lunghi, Enrico, 2006. La création artistique: les dernières décennies du XXe siècle et le début du XXIe siècle. pp. 343–369 in: L'art au Luxembourg: de la Renaissance au début du XXIe siècle. Fonds Mercator, Bruxelles & Éditions Schortgen, Esch-sur-Alzette.
  • Maintes, Alphonse, 1989. Jean-Marie Biwer: Le Saint Suaire. Avec une préface de Joseph Paul Schneider. 41 p. Éditions Galerie La Cité, Luxembourg.
  • Melcher, Ralph, & Francis Feidler, 2008. A Wooden Sketchbook. Dexia.
  • Schlechter, Lambert, 1994. Honda Rouge et Cent Pigeons. Illustratioune vum Jean-Marie Biwer. éditions PHI, Luxembourg & Ecrits des Forges, Canada. ISBN 2-87962-042-2.
  • Theis, Marc & Elisabeth Vermast, 1995. Artistes luxembourgeois d'aujourd'hui. Edition Marc Theis, Lëtzebuerg / Hannover, ISBN 2-9599988-2-0 [Cf. S. 28-29]
  • Conter, Claude D., 2007. Biwer, Jean-Marie. S. 64 in: Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zesumme mat Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit a Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1.

Dokumentarfilm[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jean-Marie Biwer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]