Jean-Ambroise Duvergier de Hauranne

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Jean Duvergier de Hauranne.jpg

De Jean-Ambroise Duvergier de Hauranne, gebuer 1581 zu Bayonne, a gestuerwen 1643 zu Paräis war Abt vu Saint-Cyran an Theolog. Hie staamt aus enger guttbiergerlecher Famill.

Kandheet, Jugend a Studium[änneren | Quelltext änneren]

Säi Papp hat e klengt Verméigen am Kommerz verdéngt, an bei der Administratioun vun der Stad matgeschafft. Als iwwerzeegte Katholik krute seng dräizéng Kanner eng strengmoralesch Erzéiung. De Jean-Ambroise huet fir d'éischt bei de Jesuite vu Bayonne, duerno vun Agen geléiert ier hien op Louvain gaangen ass, fir Theologie ze studéieren. Hei léiert hie 1609 de Jansenius kennen, en hollänneschen Theolog. Déi zwee Männer loosse sech fir d'éischt zu Paräis néier, duerno zu Camp-de-Prats viru Bayonne, engem Stéck Land wat der Famill de Hauranne gehéiert. Während fënnef Joer studéiere si d'Helleg Schrëften, virun allem d'Wierker vum Augustinus vun Hippo.

D'Joren 1618-1621[änneren | Quelltext änneren]

D'Joren 1618-1621 spillen eng wichteg Roll am Liewe vum Saint-Cyran an dës Period gëtt heefeg als seng "Konversioun" bezeechent. An enger schlëmmer moralescher Kris mécht hie sech Gedanken ëm d'Rettung vu senger Séil an huet e staarke Wëlle vu Perfektioun. An dëser Period sinn dräi wichteg Evenementer z'ernimmen. Am Juni 1618 gëtt de Saint-Cyran Paschtouer. Dëst ass den Ufank vun engem strikte geeschtleche Liewen. Ni huet hien eng Mass verpasst. De Robert Arnauld d'Andilly schreift an engem Bréif aus dem Joer 1625: "il aurait mieux aimé mourir que d'être privé une semaine de ce divin Banquet" (Hie wier léiwer gestuerwen, wéi eng Woch vun dësem gëttleche Banquet ausgeschloss ze sinn). 1620 kritt hien d'Abtei vu Saint-Cyran en commende, an hëlt och dësen Numm un. Bei engem Verdéngscht vun 1800 livres am Joer ass hie materiell onofhängeg. 1621 léiert hien de Bérulle kennen, an déi zwee Männer schreiwe sech regelméisseg a gesi sech dacks bis zu sechs Stonnen den Dag fir ze diskutéieren. Dës Gespréicher hunn e groussen Afloss op dem Saint-Cyran säi reliéist Denken, wat sech ëmmer méi op den hellegen Augustinus ausriicht. D'primitiv Kierch vun de Päpp gëtt säi Modell.

Port-Royal[änneren | Quelltext änneren]

Kuerz no der "bérullescher Phas" mécht de Saint-Cyran d'Bekanntschaft vun der Mère Angélique a weist e groussen Interessi un der reforméierter Abtei vu Port-Royal wou hien zanter 1635 "directeur et confesseur" ass. Duerch seng Funktiounen an der Abtei dréckt de Saint-Cyran hir säi Stempel op. Et ass och duerch hie wou de Courant vum Jansenismus zu Port-Royal ukënnt, a vun do aus a ganz Frankräich weiderverbreet gëtt.

De Saint-Cyran géint de Richelieu[änneren | Quelltext änneren]

De 14. Mee 1638 fanne seng Funktiounen en abrupt Enn. De Richelieu léisst de Saint-Cyran verhaften an am Schlass vu Vincennes aspären. Fräigelooss gëtt de Saint-Cyran eréischt de 6. Februar 1643, zwéi Méint nom Doud vum Kardinol. Zu där Verhaftung koum et no engem laange Sträit tëscht deenen zwéin Hären. Zanter 1629, nom Doud vum Bérulle, war de Saint-Cyran Chef vum Parti dévôt, dee ganz am Zeeche vum Konzil vun Trient an der Géigereform, eng Restauratioun vun der chrëschtlecher Eenheet an Europa erreeche wollt. Aussepolitesch ass Frankräich grad matzen am Drëssegjärege Krich, an de Richelieu ass, duerch d'"Raison d'État" dozou verleet, eng Allianz mat den däitsche protestantesche Prënzen anzegoen. Déi Allianz gëtt vum Saint-Cyran staark kritiséiert, an huet da säin Openthalt am Prisong zur Folleg.

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

  • Oeuvres chrétiennes et spirituelles de messire Jean du Verger de Hauranne, abbé de Saint-Cyran, Lyon, 1676, 4 vol. (eng Zesummefaassung vum Saint-Cyran senge wichtegste Wierker).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]