Jean-Auguste Marc

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Knuedler mat der Stater Märei, Uelegbild vum Jean-Auguste Marc

De Jean-Auguste Marc, gebuer am Juli (den 1. oder 12. jee no Quell) 1818 zu Metz, gestuerwen den 19. Mee 1886 zu Suresnes bei Paräis, war e franséische Moler, Zeechner a Journalist.

Nodeems hien eng Zäit laang zu Metz an enger Veterinärsschoul war, koum hien op Lëtzebuerg fir Zeechnen ze léieren. Hie gouf Maître de dessin am Progymnase royal grand-ducal zu Dikrech. 1840 ass hien zréck a Frankräich gaangen, wou hien zu Paräis Schüler am Atelier vum Paul Delaroche gouf.

Bei der Wochenzäitschrëft L'illustration gouf hien artisteschen a literaresche Mataarbechter a méi spéit, vun 1860 bis zu sengem Doud, Direkter vun där Zäitschrëft. Säin Nofolger um Direkteschposte gouf säi Jong Lucien Marc.

Literatur [änneren]