Jean-Bédel Bokassa

Vu Wikipedia
Jean-Bédel Bokassa
Gebuer 22. Februar 1921
Bobangui
Gestuerwen 3. November 1996
Bangui
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Frankräich, Zentralafrikanesch Republik
Aktivitéit Politiker, Offizéier, Kriminellen
Famill
Bestuet mat Catherine Denguiadé
Kanner Jean-Bedel Bokassa, Georges Bokassa, Jean-Serge Bokassa
Keeserlech Standarte vum Bokassa I.

De Jean-Bédel Bokassa, gebuer den 22. Februar 1921 a gestuerwen den 3. November 1996, och nach bekannt als Bokassa I. vun Zentralafrika oder Salah Eddine Ahmed Bokassa, war e Militäroffizéier an no engem Putsch vun 1966 bis 1979 Staatschef vun der Zentralafrikanescher Republik an där hirem Nofollgerstaat, dem Zentralafrikanesche Keeserräich. An där Period war hie bal 11 Joer President (vum 1. Januar 1966 bis zum 4. Dezember 1976, dorënner President op Liewenszäit vun 1972 bis 1976) a bal dräi Joer Keeser (vum 4. Dezember 1976 bis zum 20. September 1979). De Bokassa gouf am Dezember 1977 an enger formeller Zeremonie mat vill Pomp gekréint, ma säi Keesertitel gouf weltwäit net sou richtig unerkannt. No sengem Stuerz ass d'Zentralafrikanesch Republik nees restauréiert ginn.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Jean-Bédel Bokassa war d'Kand vun engem Duerfchef a Franséisch-Equatorialafrika a gouf mat 12 Joer e Weesekand. Hie gouf a Missionnairesschoulen ausgebilt an ass 1939 an d'franséisch Kolonialarméi agetratt. Am éischten Indochina-Krich huet hie sech ervirgehuewen, Medaile gewonnen an huet et bis zum Kapitän bruecht. Wéi d'Zentralafrikanesch Republik 1960 als Deel vu Franséisch-Equatorialafrika onofhängeg ginn ass huet den neie President David Dacko de Bokassa zum nationale Militärchef gemaach.

Sechs Joer méi spéit huet de Bokassa déi Positioun benotzt, fir den Dacko ze stierzen a sech selwer zum President z'ernennen. Kuerz drop huet hien ugefaangen eng Terrorherrschaft z'etabléieren, an där hien all déi wichteg Regierungsplaze selwer ageholl huet. Hien huet perséinlech d'Ëmsetze vu gesetzleche Kierperstrofen iwwerwaacht an d'Reegel agefouert, engem Déif bei den éischten zwou Kéieren en Ouer ofzeschneiden a bei der drëtter Kéier eng Hand. Inspiréiert vu sengem Held, dem Napoleon Bonaparte, huet hie sech 1977 an enger Zeremonie, déi 20 Milliounen Dollar kascht huet an d'Land praktesch faillite gemaach huet, selwer zum Keeser vum Zentralafrikanesche Keeserräich gekréint. Eleng seng Diamantekroun hat e Wäert vun deemools 5 Milliounen US-Dollar. De franséische President Valéry Giscard d'Estaing war e grousse Frënd vum Bokassa a Frankräich huet als Konterpartie fir un zentralafrikaneschen Uran ze kommen, d'Land militäresch ënnerstëtzt.

1979 huet de Bokassa Honnerte vu Schoulkanner verhafte gelooss, well si refuséiert hate Schouluniformen unzedoen, déi an der Fabrick vun enger vu senge Frae gemaach goufen. De Massaker vun 100 vun de Schoulkanner duerch d'Keesergarde huet hie perséinlech iwwerwaacht. No deem "Tëschefall" huet de Support vu Frankräich staark nogelooss. Den 20 September 1979 hu franséisch Zaldoten de Bokassa gestierzt an den Dacko erëm zum President gemaach. D'Land huet nees säi fréieren Numm ugeholl an de Bokassa ass an den Exil an d'Elfebeeküst geflücht. Ma scho véier Joer méi spéit huet hie sech a Frankräich etabléiert, wou hie mat den ënnerschloene Suen ënner anerem e Schlass kaaft hat. Am Oktober 1979 huet déi satiresch Zäitschrëft Le Canard Enchaîné opgedeckt, dat de Bokassa 1973 dem deemolege franséische Finanzminister Giscard d'Estaing Diamante geschenkt hat. Den als "Diamantenaffär" bekannte politesche Skandal gëllt als ee vun de Grënn, wéinst deenen de Giscard d'Estaing déi follgend Wale verluer huet.

An Ofwiesenheet gouf dem Bokassa de Prozess gemaach an hie gouf wéinst Muerd, Folter, Korruptioun a Kannibalismus zum Doud verurteelt. 1986 ass hien erëm zeréck an d'Zentralafrikanesch Republik gaangen, wou him erëm de Prozess fir Verrot a Muerd gemaach ginn ass. 1987 gouf hien zwar vum Uklopunkt Kannibalismus befreit, mä als schëlleg fir de Muerd u Schoulkanner an anere Verbrieche fonnt. Seng Doudesstrof ass méi spéit a liewenslaang Eenzelhaft ëmgewandelt ginn, mä schonn 1993 ass hien am Kader vun enger genereller Amnestie fir all Prisonéier erëm fräikomm. Hien huet duerno zeréckgezunn an der Haaptstad Bangui gelieft an ass am November 1996 am Alter vu 75 Joer un engem Häerzinfarkt gestuerwen.[1] De Jean-Bédel Bokassa huet 17 Fraen an 39 unerkannt Kanner hannerlooss.

Am Joer 2010 huet de President François Bozizé de Bokassa rehabilitéiert.[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jean-Bedel Bokassa – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. New York Times: Jean-Bedel Bokassa, Self-Crowned Emperor Of the Central African Republic, Dies at 75 (5. November 1996; gekuckt den 28. Januar 2013)
  2. BBC: Ex-President Jean-Bedel Bokassa rehabilitated by CAR (1. Dezember 2010; gekuckt den 28. Januar 2013)