Jean-Baptiste Esch

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Soldier svg.svg Dësen Artikel iwwer den Zweete Weltkrich ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Jean-Baptiste Esch

De Jean-Baptiste Esch, genannt Batty, gebuer de 4. Januar 1902 zu Wegdichen, a gestuerwen am August 1942 an der Gaskummer vum Konzentratiounslager Schlass Hartheim zu Alkoven bei Linz, war e lëtzebuergeschen Theolog.

Inhaltsverzeechnes

Säi Liewen [änneren]

Hie koum aus enger aarmer Bauerefamill, an huet vun 1930 bi 1932 zu Roum studéiert a krut den Doktortitel am Kiercherecht, war Journalist an huet ënner anerem 1940 säi Buch "Briefe aus Rom" erausginn.

Den Esch gouf den 28. Juli 1929 geweit a war Kaploun an der Kathedral, zënter 1932 Redakteur, a méi spéit Chefredakteur vum Wort. Hie war och Editeur vun der Zäitschrëft Die Rundschau. Beilage des 'Luxemburger Wort' für Literatur, Kunst u. Wissenschaft [1].

Déi éischt Verhaftung war den 11. Mee 1940 fir eelef Deeg.

De 6. September 1940 huet hie sech der Gestapo gestallt, aus Solidaritéit mat zwéi Redakterkollegen an engem Paschtouer déi verhaft gi waren. Hie koum dunn an den Prisong op Tréier an am November 1940 op Berlin an d' Polizeigefängnis. No enger Tëschestatioun am KZ Sachsenhausen koum hien den 11. September 1942 an d'KZ Dachau. Am August 1942 gouf hien an d'Schlass Hartheim bei Linz verluecht wou hien ëm den 10. August an der Gaskummer ëmbruecht gouf. D'Schlass Hartheim war eng sougenannten Euthanasie-Anstalt, do goufen ufanks haaptsächlich kierperlich a geeschteg behënnert Leit ëmbruecht, nodeems mat hinne grausam Experimenter duerchgefouert gi waren. No 1941 sinn och aner Leit a ganz vill Geeschtlecher do ëmbruecht ginn.

Zu Lëtzebuerg ass eng Strooss no dësem grousse Resistenzler benannt.

Bibliographie [änneren]

  • Paul Dostert 2003: Jean-Baptiste ESCH 1902-1942. In: 400 Joer Kolléisch, Band II, S. 389-390. éditions saint paul, Lëtzebuerg. ISBN 2-87963-419-9.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Referenzen an Notten [änneren]

  1. am Dezember 1938 ëmbenannt a Letzeburg. Blätter für nationales Leben - Revue d'action nationale.