Jean-Baptiste Fallize

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Portrait um Grafsteen um Nikloskierfecht

De Jean-Baptiste (Olav) Fallize, vu lëtzebuergeschen Eltere gebuer den 9. November 1844, net wäit vun Harel, an der Gierwerei zu Bëtleng (fr.: Bettelange [1]) an der belscher Gemeng Villers-la-Bonne-Eau[2] a gestuerwen den 23. Oktober 1933 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen, Editeur, Journalist, Polemist, Politiker an éischte Bëschof vun Norwegen.

Kuerz no senger Gebuert si seng Elteren op Uerschdref geplënnert. Am Joer 1850 hu si sech zu Harel niddergelooss, an do e Gierwereibetrib gefouert. Seng Jugendzäit huet de Fallize deementspriechend zu Harel verbruecht.[2]

De J.B. Fallize war de Matgrënner vun der Sankt-Paulus-Dréckerei an Editeur vun e puer Zeitungen an Zäitschrëften, an deenen hien och matgeschafft huet.

1875, wéi de Fallize Paschtouer zu Pënsch war, hat hien d'Redaktioun vum kathoulesche Familljeblietchen Luxemburger Sonntags-Blättchen für Stadt und Land iwwerholl, an huet et Luxemburger Sonntagsblatt für Erbauung, Unterhaltung und Belehrung ëmbenannt. D'Blat gouf staark politiséiert an et huet sou gutt géint de "Sitteverfall" geschriwwen wéi géint d' Fräimaurer, d'Judden an déi Liberal. Sou gouf de Fallize zu engem vun den äerdegste "Kulturkämpfer" vu senger Zäit.

Hie war vun 1881 bis 1887 Deputéierten an der Chamber.

Wéi de Fallize 1887 an Norwegen gaangen ass, fir do méi spéit Bëschof ze ginn, war et mat senge politeschen Aktivitéiten zu Lëtzebuerg eriwwer.

Fir un hien z'erënneren hunn déi Hareler zu Bëtleng op der Plaz, wou d'Gierwerei laanscht Bëtlerbaach stoung, e Monument mat zwou Erënnerungsplacken opgeriicht.[3]

Hie war de Brudder vum Michel Fallize.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Promenades en Norvège. X. Jevain, Lyon 1901, 282 S.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Edouard Molitor, Monseigneur Dr. Johann Olav Fallize - Ein Kämpfer für das Reich Christi; in: Luxemburger Priestergestalten V.; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus-Dréckerei, 1969;
  • E.M., Von der Gerberei am Bettlingerbach bis zum Nordkap - Erzbischof Johann Olav Fallize (1844-1933); in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 22. Oktober 1983; S. 7;
  • Jean Malget, Johann Olav Fallize, Apostolischer Vikar von Norwegen und Spitzbergen; in: Hémecht, Jg. 35(1983), Heft 4, S. 613-634 ; Jg. 36(1984), Heft 1, S. 51-78 ; Heft 3, S. 415-456.
  • Personnagen: Johannes Olav Fallize. In: Lëtzebuerger Journal 1996 (9./10. November), S. 8.
  • André Heiderscheid, Ehre, wem Ehre gebührt!; in: Luxemburger Marienkalender 1998, S. 1;
  • Ed Kayser, Jean-Baptiste (Olav) Fallize 1844-1933. In : 400 Joer Kolléisch, Band II, S. 301-303; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus-Verlag, 2003. ISBN 2-87963-419-9.

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Jespers, J. J., 2005. Dictionnaire des noms de lieux en Wallonie et à Bruxelles. Éditions Racine, Bruxelles, S. 18. [1]
  2. 2,0 2,1 A senger Autobiographie huet de Fallize geschriwwen (Malget 1983, S. 614s): Als mein Vater sich mit meiner Mutter Therese Pfeffer aus Ettelbrück verheiratete, ließen sie sich nieder in der Gerberei Betlingen, Gemeinde und Pfarrei Harlingen. Hier wurde ich geboren am 9. November 1844. Gerade zur Zeit meiner Geburt wurde die Grenze zwischen Luxemburg und Belgien neu regulirt und die Gerberei Betlingen, als zu Belgien gehörig erklärt, wobei aber meine Eltern und somit auch ich die luxemburgische Staatszugehörigkeit behielten, trotzdem meine Geburt in der belgischen Gemeinde Villers-la-Bonne-Eau und meine Taufe in der belgischen Pfarrei Villers-la-Bonne-Eau eingetragen wurden. In der Taufe erhielt ich den Namen Johannes Baptist. Bald nach meiner Geburt siedelten meine Eltern über nach Arsdorf-Luxemburg, um im Jahre 1850 dauernd ihren Wohnsitz zu Harlingen zu nehmen und dort ihr Gerbergeschäft zu betreiben. Hier erhielt ich meine Kindererziehung.
  3. Kuck: Monument Mgr Fallize Bettlange.