Jean-Baptiste Fresez
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dëse Molereisartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Jean-Baptiste Fresez, gebuer den 10. Juli 1800 zu Lonkech am Frankräich a gestuerwen an der Stad Lëtzebuerg den 31. Mäerz 1867, war e lëtzebuergesche Moler an Zeecheprofesser. Zwéi vu senge Schüler, déi spéider bekannt goufen, waren de Jacques Sturm an de Pierre Brandebourg.
Inhaltsverzeechnes |
Liewen [änneren]
Hien huet op der "Académie des Beaux Arts" zu Bréissel studéiert a Studiereesen op Paräis, Bréissel an aner europäesch Stied gemaach. 1802 ass hie mat sengen Elteren op Lëtzebuerg wunne komm. Säi Papp huet op der Faiencerie op Siweburen geschafft. 1848 krut hien d'lëtzebuergesch Nationalitéit duerch Optioun.
Wierk (Auswiel) [änneren]
Vum Fresez si Portraiten a Landschaften am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht zu Lëtzebuerg ze gesinn.
- 1828 Vues de la Ville de Luxembourg
- 1857 Album pittoresque du Grand-Duché de Luxembourg, Edition: Vic Hoffmann, 1932 nei erausgi bei Linden an Hansen, 1968 bei Kutter a 1990 bei Messageries du Livre;
- D'Faiencerie vu Siwebueren huet eng Serie vun Telleren rausgi mat lëtzebuergesche Buergen.
Illustratiounen [änneren]
Unerkennung [änneren]
- Als Unerkennung huet d'Lëtzebuerger Post 1952 e Käppchen zu Éiere vum Jean-Baptiste Fresez rausbruecht.
Literatur [änneren]
- Anonym, 1963. Étapes de la peinture luxembourgeoise. 19e siècle : [Exposition] du 1er au 16 juin 1963. Musée d'histoire et d'art, Luxembourg. Impr. Linden, Luxembourg. [Folgend Artiste gi behandelt: Jean-Baptiste Fresez, Mathieu Kirsch, Hilaire Kreins, Jacques Sturm, Jean-Nicolas Bernard, Nicolas Liez, Jean-Auguste Marc, Pierre Brandebourg, Michel Sinner, Michel Engels, Michel Weyler, Frantz Seimetz, Thérèse Glaesener-Hartmann, Ferdinand d'Huart, Jean-Pierre Huberty, Alphonse Jungers, Dominique Lang
- Blanc, P.:J.-B Fresez, portraitiste, Annuaire de la Société des amis des musées,1928
- Noppeney, M.: Fresez, paysagiste et son époque, Linden & Hansen, 1932
- Mersch, J.: Vues anciennes 1598-1825, Edions P. Bruck, Luxembourg, 1977
- Namur, A-: Notices sur feu J.-B. Fresez,Imprimerie V. Buck, 1867
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Jean-Baptiste Fresez – Biller, Videoen oder Audiodateien |