Jean-Baptiste Kaeuffer

Vu Wikipedia
Jean-Baptiste Kaeuffer
Gebuer 3. Abrëll 1748
Gestuerwen 1805

De Jean-Baptiste Kaeuffer (Joh.-Bapt. Käuffer, Kaüffer, Käufer, Kayfer oder Keiffer) gebuer zu Iechternach den 3. Abrëll 1748[1] an do gestuerwen de 24. September[1] oder de 4. Oktober[2] 1805, war e lëtzebuergesche kathoulesche Geeschtlechen.[1]

Hien huet op der Universitéit vu Léiwen studéiert. Nodeem hie 1773 d'Priisterwei krut a 1774 eng kuerz Zäit Theologie am Collège Royal [3] zu Lëtzebuerg enseignéiert hat, gouf hie Paschtouer vu Besch am Bistum Tréier (1774 bis 1788). De 7.[4] oder den 21.[3] Juni 1788 huet hien d'Nofolleg vum Paul Feller als Paschtouer vun der Nikloskierch ugetrueden.

Eng besonnesch Éier fir de Kaeuffer war et, wéi de Stater Biergercorps hien den 11. August 1791 als säi "General-Feldprediger" gewielt huet. Dës Nominatioun ass am Kontext vum Biergercorps senger Virbereedung op seng Participatioun un der Huldigungszeremonie fir déi éisträichesch Generalgouverneure vu Lëtzebuerg, d'Äerzherzogin Maria-Christina an hire Mann, den Herzog Albert Casimir von Sachsen-Teschen, déi fir de 25. August geplangt war, erfollegt. D'Argument, firwat grad de Kaeuffer als Feldpriedeger gewielt gouf, war: seine bekannte Anhänglichkeit und unerschütterliche Treue gegen seinen Monarchen, seine Liebe und unermüdete Sorgfalt gegen seine Pfarrkinder, seine rechtschaffene Pünklichkeit in Ausübung seiner Pflichten.[5] De Séjour vum Herzog an der Äerzherzogin, déi de 24. August an der Stad ukomm waren, goung de 26. August zu Enn mat enger Mass, déi de Kaeuffer an der Neipuertskapell um Glacis gehalen huet.[6]

Am Oktober 1797 huet de Kaeuffer op d'Dränge vum Generalvikariat vun Tréier de republikaneschen Eed geschwuer, wat bei ville Leit aus senger Par a bei de Kolleegen, déi dat net gemaach haten, net gutt ukomm ass. No 15 Joer am Amt huet hie seng Par de 25. Februar 1803 verlooss a sech op Iechternach zeréckgezunn. Vun do aus huet hie seng Par nach bis de 7. Mäerz 1803 weider verwalt.[1] Den 1. Juli 1803 huet hien offiziell resignéiert.[7] Hie gouf elo Domkapitular vu Metz, wou hie vun 1803 bis de Juli 1805 bliwwen ass. Hie goung duerno erëm eng Kéier op Iechternach an ass do kuerz drop als Parverwalter vu senger Heemechtstad gestuerwen.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 M. Faltz: Heimstätte U.L. Frau von Luxemburg, einst und jetzt. 1.-3. Tausend. Luxemburg 1920, S. 69.
  2. N. Didier: Die berufenen Wächter am Grabe des heiligen Willibrord im 19. und 20. Jahrhundert. In: N. Goetzinger (Hrsg.): Willibrordus. Echternacher Festschrift zur XII. Jahrhundertfeier des Todes des heiligen Willibrord. Luxemburg 1940, S. 398.
  3. 3,0 3,1 F. Lascombes: Chronik der Stadt Luxemburg: 1684-1795. Luxemburg 1988, S. 427.
  4. Liste nominative de tous les Curés qui ont été Préposés, depuis l'an 1500, à la paroisse de Saint-Nicolas et Sainte-Thérèse, à Luxembourg. Journal de la Ville et du Grand-Duché de Luxembourg 1827, No. 4 (13 janvier), S. 3. [1]
  5. Beschreibung der am 25. August 1791 zu Luxemburg feierlichst gehaltenen Huldigungs-Ceremonie, nebst einigen Nebenumständen. Zusammengetragen u. verfaßt v. einem Augenzeugen. Luxemburger Wort 1869, Nr. 213 (11. Sept.): 1-2, Nr. 214 (12. Sept.): 1-2. Fortsetzung: Nr. 215 (14. Sept.): 1-2, Nr. 216 (15. Sept.): 1-2, Nr. 217 (16. Sept.): 1-2, Nr. 218 (17. Sept.): 1-2, Nr. 220 (19. Sept.): 1-2.
    Kuckt och: F. Lascombes: Chronik der Stadt Luxemburg: 1684-1795. Luxemburg 1988, S. 449-451.
  6. F. Lascombes: Chronik der Stadt Luxemburg: 1684-1795. Luxemburg 1988, S. 451.
  7. M. Blum, J. Zieser & A. Koenig: Series pastorum, oder: Reihenfolge der Seelsorger der einzelnen Pfarreien des heutigen Grossherzogtums Luxemburg. Luxemburg, 1930, S. 153.