Jean-Baptiste Merkels
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jean-Baptiste Merkels, gebuer den 10. Oktober 1860 zu Hollerech a gestuerwen en 12. August 1948 zu Chicago, Illinois, war e lëtzebuergesch-US-amerikaneschen Auteur a Konsul.
Hien ass 1892 op Chicago ausgewandert. Hien huet do bei der Weltausstellungsgesellschaft geschafft, an duerno, vun 1894 bis 1927 bei der Post, wou hien eng zimlech gutt Plaz hat. Mee hien ass haaptsächlech bekannt well en de Lien tëschent Lëtzebuerg an den Lëtzebuerger an Amerika gemaach huet: Neiegkeeten, Gedichter, Zeitungsartikelen aus der Heemecht huet hien zu Chicago publizéiert.
Ausserdeem war de Jean-Baptiste Merkels bis zu sengem Doud Konsul zu Chicago.
Wierker [änneren]
- Blummen aus Amerika. Eng kleng Auswiel patriotesch Gedichter. Vum J.B. Merkels, Kanzler vum Groß'herzogl. Konsulat vu Lëtzebuerg zu Chicago., 1921