Jean-Baptiste Sax

Vu Wikipedia
Jean-Baptiste Sax
Gebuer 13. Oktober 1876
Lëtzebuerg
Gestuerwen 7. Mee 1950
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei Rietspartei
Famill
Geschwëster Joseph Sax

De Jean-Baptiste ("Batty") Sax, gebuer den 13. Oktober 1876 am Pafendall[1] an och do gestuerwen de 7. Mee 1950 am Alter vun 73 Joer[2] war e lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.

Hien hat en Doktorat am Droit, a war noeneen Attaché am Justizminstère (1903), Friddensriichter zu Réiden op der Atert (1904), provisoresche Secrétaire-adjoint vum Staatsrot (1906), Distriktscommissaire vum Distrikt Lëtzebuerg (1910), Direkter vun der Steier-, Akzisen- a Kadasterverwaltung (1913).[3]

Hie war vum 6. November 1915 bis de 24. Februar 1916 Generaldirekter (Minister) fir Justiz an Interieur, fir e puer Wochen och fir Finanzen an Erzéiung, an der Regierung Loutsch.

Dono koum hien an d'Direktioun vu Steieren, Akzisen a Kadaster zeréck, fir schlussendlech, vum 3. Juni 1924 bis de 16. November 1945, Member vum Staatsrot ze ginn.[4]

De Batty Sax war de Brudder vum Joseph Sax.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gebuertsschäi vun der Stad Lëtzebuerg
  2. Doudesannonce vum Jean-Baptiste Sax am Wort vum 10. Mee 1950 Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2012-12-23.
  3. "D'Industrië vun der Famill Sax-Bodson." op industrie.lu.
  4. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  5. Memorial A N° 5 vun 1935 mat der Lëscht vun de Leit déi 1935 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen Archivéiert op 2011-09-26. Gekuckt de(n) 2013-01-12.
  6. (de)Die Festlichkeiten in Brüssel - Belgische Auszeichnungen. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (15. Mee 1922). Gekuckt de(n) 2023-08-08.