Jean-Claude Juncker

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich

De Jean-Claude Juncker, gebuer den 9. Dezember 1954 zu Réiden, ass e lëtzebuergesche Politiker. Hien ass zënter 1995 Premierminister.

[änneren] Säi Liewen

De Jean-Claude Juncker de 24. Mee 2006 zu Oochen am Gespréich mat Studenten

Als Jong vun engem Employé vun der ARBED ass hien zu Bieles (Gemeng Suessem) opgewuess. Säi Lycée huet e bei den Häerz-Jesu Pateren zu Clairefontaine gemaach, an d'Première 1974 am Lycée Michel Rodange an der Stad.

1975-1979 huet hien no eegenen Aussoen ouni groussen Enthusiasmus Droit op der Universitéit Stroossbuerg studéiert an dës Studië mat enger Maîtrise ofgeschloss.

1980 gouf de Jean-Claude Juncker an der Stad Lëtzebuerg um Barreau als Affekot vereedegt, huet awer dëse Beruff bis ewell net praktizéiert. Zenter 1974 engagéiert hie sech an der Chrëschtlech Sozialer Vollekspartei (CSV) a gouf 1979 parlamentaresche Sekretär vun deer Partei.

1982, mat knapps 28 Joer, gouf hie Staatssekretär fir Aarbecht a Sozialversécherung an der Regierung Werner-Thorn-Flesch, zwee Sujeten, déi hie staark interesséieren.

Bei de Chamberwale vum 17. Juni 1984 gouf de Jean-Claude Juncker fir d'éischte Kéier an d'Chamber gewielt. Hie gouf zum Aarbechtsminister a Budgetsminister an der Regierung Santer-Poos I ernannt a konnt wärend der Lëtzebuerger Présidence vum Conseil vun der Europäescher Communautéit 1985 éischt Erfahrungen op europäeschem Niveau sammelen.

No de Chamberwale vum 18. Juni 1989 gouf hie Finanzminister an Aarbechtsminister an der Regierung Santer-Poos II. 1991, als President vum Conseil vun de Wirtschafts- a Finanzministere vun der EG (EcoFin), huet de Jean-Claude Juncker den Traité iwwert d'Europäesch Unioun (Traité vu Maastricht) mat ausgeschafft, besonnesch déi Voletën, déi d'Wirtschafts- a Wärungsunioun (EMU) betreffen. Et ass och hien, deen um informelle Conseil vun den EGs-Finanzministern zu Lëtzebuerg de Prinzip vum opting out fir Groussbritannien geschaafen huet an domatter d'Negotiatiounen ëm d'EMU gerett huet.

Am Hierscht 1989 huet hien e schrot Autosaccident, wéinst deem en zwou Wochen am Koma louch.

1992 huet de Jean-Claude Juncker op nationalem Plang eng grouss Steierreform ausgeschafft, déi den 1. Januar 1993 a Kraaft getrueden ass. Tëschent 1990 a 1995 war hien zousätzlech President vun der CSV.

Bei de Chamberwale vum 12. Juni 1994 gouf de Jean-Claude Juncker an d'Parlament ëremgewielt an huet, an der Regierung Santer-Poos III, seng Funktiounen als Finanz- an Aarbechtsminister bäibehalen. Den 20. Januar 1995, nodeems de Jacques Santer zum President vun der Europäescher Kommissioun ernannt gouf, gouf de Jean-Claude Juncker Premierminister a Staatsminister vu Lëtzebuerg. Hien huet awer och nach seng zwee vierecht Portefeuillën bäibehalen.

Am Juni 1999, no de Chamberwahlen, gouf de Jean-Claude Juncker nees zum Premier ernannt, dës Kéier vun enger Koalitiounsregierung, déi aus Vertreider vun der CSV an der Demokratescher Partei (DP) zesummegesat ass. Ausserdeem war hien zoustänneg fir d'Finanzen an d'Communicatiounen.

Wéinst sengem bis dohinner perséinleche beschte Resultat bei de Chamberwale vum 13. Juni 2004 gouf de Jean-Claude Juncker op en Neits Premierminister, Staats- a Finanzminister vun enger Regierung, déi aus Vertrieder vun der CSV an der Lëtzebuerger Sozialistescher Aarbechterpartei (LSAP) zesummegesat ass (d'Regierung Juncker-Asselborn I).

Den 10. September 2004, gouf de Jean-Claude Juncker zu Scheveningen fir 2 Joer zum éischte President vun der informeller Reunioun vun de Finanzministerë vun de Members-Länner vun der Euro-Zon, dem "Eurogrupp" gewielt. Dëst Mandat gouf den 8. September 2006 ëm 2 Joer, deemno bis Enn 2008, verlängert, an de Statuten no sollt de Jean-Claude Juncker och net méi fir en drëtt Mandat kandidéieren dierfen. Den 12. September 2008 gouf allerdéngs an enger Eurogrupp-Sitzung zu Nice décidéiert, dem Jean-Claude Juncker en drëtt Mandat unzebidden, wat dësen ugeholl huet. Deemno kéint hie bis den 31. Dezember 2010 President vum Eurogrupp bleiwen.[1]

Och an der Regierung Juncker-Asselborn II, déi aus de Chamberwale vum 7. Juni 2009 ervirgoung an déi den 23. Juli 2009 vereedegt gouf, ass hien zënterhir nees Staats- a Premierminister a Minister fir den Tresor.


[änneren] Aner Funktiounen

[änneren] Auszeechnungen

De Jean-Claude Juncker ass Doctor honoris causa vun der Westfälische Wilhelms-Universität Münster, der Universitéit vu Bukarest an der Universitéit vun Thrakien.

Hie gouf vum franséische President Jacques Chirac zum Grand officier de la Légion d'honneur ernannt a vum rumänesche President Ion Illiescu mat den Insignië vum Grousse Stäre-Kräiz, der héchster rumänescher Distinctioun, ausgezeechent. Hien ass Eierebierger vun Tréier a vun Orestiada, enger Stad an Thrakien.

Hee krut de 25. Mee 2006 den Oochener Karlspräis.

[änneren] Kuckt och

Wikiquote: Jean-Claude Juncker – Zitater


[änneren] Referenzen

  1. gouvernement.lu: Jean-Claude Juncker élu pour un nouveau mandat à la tête de l'Eurogroupe. Pressemitteilung vom 12. September 2008.
Perséinlech Tools