Jean-Claude Muller
De Jean-Claude Muller, gebuer den 8. Mäerz 1956 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Linguist (Sanskrit) a Kulturwëssenschaftler.
No senge Secondairesstudien am Dikrecher Kolléisch (LCD) huet de J.-Cl. Müller Indian Studies zu Oxford an zu Paräis studéiert a mat enger Maîtrise ofgeschloss.
Hien huet ëm 1988/90 gehollef e puer grouss Ausstellungen ze koordonnéieren (1989 - 150 Joer onofhängeg , 100 Joer Nassau-Weilburg-Dynastie, ...) an huet dono e puer Joer am Service Information et Presse vum Staatsministère geschafft.
Vun 1997 bis 2001 war hien Direkter vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik, woubäi d'Monique Kieffer vun 1999 un Direkter faisant fonction war.
Hien ass de President vun der Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique an ee vun den Administrateure vum Institut archéologique du Luxembourg, a.s.b.l. (B - Arel).
Publikatiounen (Auswiel) [änneren]
- "faites-moi la grâce de ne pas dédaigner mon envoi": Réquisitions de manuscrits et trafic d'incunables à Metz, Luxembourg et au pays de Trèves par Jean-Baptiste Maugérard sous le Consulat - Édition de sa correspondance avec van Praet(1802-1803) et d'un inventaire complet des manuscrits d'Echternach et d'Orval réquisitionnés à Luxembourg au profit de la bibliothèque nationale de Paris ; in: Hémecht, Jgg. 52 (Lëtzebuerg, 2000), Heft 1. - Vgl. dozou: Paul Spang, Von der Echternacher Klosterbibliothek zum Zweiten Weltkrieg - Anmerkungen zur Hémecht (...), Jahrgang 52, Heft 1/2000 , in: Die Warte / Perspectives , Kulturbäilag am Luxemburger Wort vum 13. Juli 2000!
Literatur [änneren]
- jh : The Shining; in: d'Lëtzebuerger Land vum 31. Mäerz 2000.