Jean-Dominique Cassini

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Jean Dominique, comte de Cassini

De Jean-Dominique Comte de Cassini, och Cassini IV. genannt, gebuer den 30. Juni 1748 zu Paräis a gestuerwen den 18. Oktober 1845 zu Thury-sous-Clermont, war e franséische Kartograph an Astronom.

De Cassini koum am Paräisser Observatoire op d'Welt. Säi Papp, den César-François Cassini de Thury war Direkter dovun.

Am Joer 1768 huet de Jean-Dominique eng Rees als Kommissär vun der Wëssenschaftsakademie an Amerika gemaach, déi hien 1770 an engem Buch publizéiert huet. 1787 bedeelegt hie sech un der Auswäertung vun Observatioune vum Paräisser Observatoire an um Royal Greenwich Observatory, mat deenen déi genee Längegraddifferenz vu béide Fuerschungsplaze bestëmmt solle ginn. Bei engem Openthalt an England besicht hien zesumme mat dem Pierre Méchain an dem Adrien-Marie Legendre den Astronom Wilhelm Herschel a sengem Observatoire zu Slough. E Wierk, an deem de Cassini seng Aufgabe beschriwwen huet, koum am Joer 1791 eraus. Hie kompletéiert weider d'Frankräichkaart, déi säi Papp ugefaangen hat. D'Kaart gouf am Joer 1793 vun der Wëssenschaftsakademie publizéiert, a war d'Grondlag fir den „Atlas National“, dee Frankräich an Departementer agedeelt duerstellt.

1784 huet hie vu sengem Papp d'Plaz vum Observatoiresdirekter iwwerholl. Seng Pläng fir eng Rekonstruktioun an Ausstattung vum Observatoire no der franséischer Revolutioun si bei der Nationalversammlung op haarde Widderstand gestouss. Seng Positioun gouf onsécher an de 6. September 1793 ass hien zréckgetrueden. E Joer drop 1794 gouf hie siwe Méint an de Prisong gehäit. No senger Fräiloossung ass hien op Thury geplënnert.

Am Joer 1810 koum säin déckt Wierk Mémoires pour servir à l'histoire de l'observatoire de Paris eraus, dat ënner anerem och d'Biographie vu sengem Urgrousspapp Giovanni Domenico Cassini beschreift.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]