Jean-Georges Weiser

Vu Wikipedia
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Johann Georg Anton Weiser, och Jean-Georges Weiser, gestuerwen 1767, war e lëtzebuergesche Moler a Kofferstécher.

De Weiser koum aus Béimen a gouf 1740 Bierger vun der Stad Lëtzebuerg[1]. Hie war mat der Maria Barbara Decke bestuet an zesummen hate se dräi Kanner:

  • de Johann Gaspar Weiser, gedeeft de 25. Oktober 1751. Hie war Geeschtlechen an hien ass de 14. Oktober 1828 zu Luerenzweiler gestuerwen, wéi en do Paschtouer war
  • d'Margareta Weiser, gebuer an der Stad Lëtzebuerg den 13. September 1746 a gestuerwen de 6. November 1810. Si war net bestuet.
  • D'Maria Josephine Weiser, gebuer an der Stad Lëtzebuerg de 5. Oktober 1753 a gestuerwen de 24. Abrëll 1825, als Wittfra vum Hubertus M. Wilden.
D'Abtei Wadgassen - Kofferstéch vum Johann Georg Anton Weiser (Wierk vu 1736)

Kofferstéch[änneren | Quelltext änneren]

Freskemolereien[änneren | Quelltext änneren]

Uelegmolereien[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jean-Georges Weiser – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural.
  2. Depliant vum Service des sites et monuments nationaux, 2006