Jean-Henri-Guillaume Krombach

Vu Wikipedia
Jean-Henri-Guillaume Krombach
Gebuer 16. September 1791
Moers
Gestuerwen 23. Februar 1881
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Botaniker, Apdikter

De Jean-Henri-Guillaume Krombach oder Johann Heinrich Wilhelm Krombach, gebuer de 16. September 1791 zu Moers bei Krefeld a Preisen, gestuerwen den 23. Februar 1881 an der Stad Lëtzebuerg, war e Botaniker, Agronom an Apdikter.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Hie war Professer fir Naturwëssenschaften bzw. Botanik an Agronomie an de Mëttelschoule vun Dikrech an Ettelbréck.[1]

Mam Gesetz vum 6. Mäerz 1850 krut hien iwwer de Wee vun der Naturalisatioun déi Lëtzebuerger Nationalitéit.[2]

De J.-H. Krombach war eng bekannt Persoun am Krees vun den Naturinteresséierten an der leschter Hallschent vum 19. Joerhonnert zu Lëtzebuerg. Hie war deen éischte President vun der Société de botanique (déi 1907 mat der Société des naturalistes luxembourgeois fusionéiert huet). De Krombach war den Auteur vun der Flore du Grand-Duché de Luxembourg vun 1876 an hie war och ee vun de Promoteure vum Botanesche Gaart vun der Stad Lëtzebuerg, deen am Louvignys-Park (net wäit vun der Krombach-Eech ewech, do wou haut d'Spillplaz mam Pirateschëff ass) op de Festungsiwwerreschter amenagéiert gouf.

Engagement[änneren | Quelltext änneren]

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Bibliographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Krombach, J.-H.-G., 1875. Flore du Grand-Duché de Luxembourg. Plantes phanérogames, Joris, Lëtzebuerg, 564 S. (D'Wierk op archive.org)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jean-Henri-Guillaume Krombach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Flies, J., 1970. Ettelbrück. Die Geschichte einer Landschaft. Luxembourg, S. 1557.
  2. Loi qui accorde la naturalisation au sieur Krombach, pharmacien à Ettelbruck, publizéiert am Mémorial Nr 49 vun 1850, S. 465-466
  3. Massard, J. A., 2000. Les origines de la Section des Sciences de l’Institut grand-ducal. In: Institut grand-ducal, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques, 1850-2000: Les sciences à l’aube du 21e siècle. Cycle de conférences du 12 octobre au 21 décembre 2000 au Centre Universitaire de Luxembourg. Luxembourg, S. 17. — Am Mee 1871 gouf de Krombach President vum sougenannte Comité botanique, deen aus der Section de botanique vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal ervirgaange war a sech 1872 als Société de botanique constituéiert huet (Massard, J.A., 1990. La Société des Naturalistes Luxembourgeois du point de vue historique. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 91, S. 16-19. [1]).
  4. Liste nominative des citoyens décorés de la Croix de fer, S. 88
  5. Schaak, Charles, Les Luxembourgeois Soldats de la France S.188.