Jean-Henri Dondelinger jun.

Vu Wikipedia
Jean-Henri Dondelinger jun.
Gebuer 28. Dezember 1786
Gestuerwen 21. Oktober 1850
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Industriellen
Famill
Papp Jean-Henri Dondelinger

De Jean-Henri Dondelinger jun., gebuer den 28. Dezember 1786 zu Ettelbréck, gestuerwen den 21. Oktober 1850 an der Stad Lëtzebuerg war en Industriellen a Lokalpolitiker.

Hie war de Fils vum Jean-Henri Dondelinger an der Elisabeth Havelange. Nom Doud vu senger éischter Fra, der Caroline Faber (†1831) vu Wolz, huet hie sech 1833 mat der Marguerite Foehr, der Duechter vum Metzler an Hotelier Jean Foehr, bestuet.[1] Hien huet, nom Doud vu sengem Papp, d'Faïencerie Dondelinger zu Iechternach weidergefouert.

Hie war Buergermeeschter vun Iechternach vum 8. Januar 1821[2] bis den 1. Januar 1822, a vum 14. Abrëll 1824[2] bis de 15. Oktober 1828.[3] Vum 7. Juni 1842 bis den 3. Oktober 1847 huet hien de Kanton Iechternach an der Chamber (Ständeversammlung) vertrueden.[4]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Neyen, A., 1876. Biographie Luxembourgeoise. Histoire des hommes distingués originaires de ce pays considéré à l'époque de sa plus grande étendue ou qui se sont rendus remarquables pendant le séjour qu'ils y ont fait. Tome 3. J. Joris, Luxembourg, 490+XXXI+XII S. + table gén. alphabét. (Jean-Henri Dondelingerr: S. 111.).
  • Staud, R.M. & J. Reuter. 1952. Die kirchlichen Kunstdenkmäler der Stadt Echternach. Luxemburg, S. 69.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Staud & Reuter 1952.
  2. 2,0 2,1 Datum vun der Nominatioun laut der Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
  3. Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archiv vun der Stad Iechternach.
  4. Neyen 1876.