Jean-Jacques Kariger

Vu Wikipedia
Jean-Jacques Kariger
Gebuer 3. Oktober 1925
Rodange
Gestuerwen 11. Oktober 2018
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Botaniker, Schrëftsteller

De Jean-Jacques Kariger, gebuer den 3. Oktober 1925 zu Rodange[1] a gestuerwen den 11. Oktober 2018[2], war e lëtzebuergesche Schrëftsteller a Botaniker.

De Jean-Jacques Kariger, dee fir d'éischt am Atheneum an duerno vun 1941 un an der Industrieschoul zu Esch-Uelzecht studéiert huet, ass am September 1942 vun den Nazie mat 93 anere Schüler aus dem Escher Jongelycée, déi wéinst dem Aféiere vun der Zwangsrekrutéierung gestreikt haten, op d'Buerg Stahleck geschéckt ginn,[3] fir "ëmerzunn" ze ginn. Am Juli 1944 ass hien an den RAD an am November an d'Wehrmacht agezu ginn.[1]

Nom Krich huet hien 1945 säi Premières-Diplom (Section latine) kritt.[4] Duerno huet hien um Enregistrement geschafft; 1988 ass hien als Inspecteur principal 1er en rang[5] an d'Pensioun gaangen.

Nieft der Literatur huet de J.-J-Kariger sech och fir Naturwëssenschaftten, a besonnesch Botanik, intresséiert, en Intressi, dee sech a sengem literaresche Wierk erëmspigelt.

Als Guide huet hien eng ganz Rei vu floristeschen Exkursioune vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL), wou hien zanter 1950 Member ass,[6] geleet,[7] awer och Exkursioune vum Syndicat d'initiative vu Rodange an deem vu Weimeschkierch, grad wéi vun der Vulleschutzsektioun vu Jonglënster.[8]

De Jean-Jacques Kariger huet sech den 18. August 1956 mat der Marie-Thérèse Karier vu Gilsdref bestuet, déi sech nieft hirem Beruff als Léierin am “enseignement professionnel”[9] och als Autorin ervirgedunn huet. Si ass am Juni 2009 gestuerwen.[10]

Literaresch Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1962 Leuchtender Kreis: Lyrik. Verlag Ch. Beffort, Luxemburg, 78 S.
  • 1967 Elemente: Gedichtsuite. Verlag Bourg-Bourger, Luxemburg, 86 S.
  • 1972 Akte: Dichtung. Verlag Bourg-Bourger, Luxemburg, 61 S.
  • 1977 Gesichte: Zyklus. Verlag Bourg-Bourger, Luxemburg, 92 S..
  • 1982 Blitzröhren und Kultur des Feingeistigen als poetisches Argument: neue Epigrammatik. The World of Books, London, Worms, 165 S.
  • 1985 Kettenreaktion des Geistes. The World of Books, Worms, 20 S.
  • 1987 Wahlgang der Tiere: Kritik der kreatürlichen Vernunft: erneutes Fabelwerk. London: The World of Books, 1987. - 117 p
  • 1994 Schild: Juwel der Wacht: Devise als Dichtung = Scutum gemma vigilium: insignium dictum poetice tractatum. The World of Books, London, 165 S.
  • 1997 Geist-Weihen: neue Prägung der Panegyrik. Preis dem Geschmähten Lob. The World of Books, London, 95 S.
  • 2001 Herz der Flamme, erstandene Hymnik: Wirbel aus Andacht: Versuch zur Gestaltung eines zeitgemässen Hymnus. The World of Books, Worms, 102 S.
  • 2001 Form und Fülle im Gleichklang, Anthologie. Fouqué Literaturverlag, Egelsbach, 143 S.
  • 2003 Erleuchtete Quellen. Erfahrungen aus der Welt des Seelischen. Eine innere Biographie. The World of Books, Worms, 137 S.
  • 2005 Aedes cogitationum = Bau aus Besinnung. The World of Books, Worms, 267 S.

Botanesch Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Kariger, J. J., 1955. Recherches botaniques dans le Sud-Ouest du Grand-Duché entre 1942 et 1954. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 59 (1954), S. 89-99. [2]
  • Kariger, J. J., 1957. Florule d'Esch-sur-Alzette (Grand-Duché de Luxembourg). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 60 (1955), S. 48-57. [3]
  • Kariger, J. J., 1958. La flore des environs de Rodange. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 61 (1956), S. 199-212.[4]
  • Kariger, J. J., 1959. Florule de la capitale: le Wurthsberg de Clausen et quelques hauteurs analogues. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 62 (1957), S. 59-81. [5]
  • Kariger, J. J., 1961. Plantes intéressantes, rares ou nouvelles pour le Grand-Duché de Luxembourg trouvées en 1957 et 1958. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 63 (1958), S. 100-103. [6]
  • Kariger, J. J., 1962. Florule et végétation de Pulvermuhl (Luxembourg). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 64(1959), S. 53-75. [7]
  • Kariger, J. J., 1990. Auf der Suche nach Seltenheiten und Verschwundenem 1970-1989. Bericht und Auswahl floristischer Tätigkeit ergänzt durch ökologische Betrachtungen. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 90 (1990), S. 71-101. [8]
  • Kariger, J. J., 1990. Supplément à l'inventaire des plantes de la réserve naturelle Kuebebierg. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 90 (1990), S.103-106. [9]
  • Kariger, J. J., 1991. Annexe au supplément d'inventaire de la réserve naturelle Kuebebierg dressé en avril et mai 1990. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 92 (1991), S. 63-65.[10]
  • Kariger, J.J., 1992. Auf der Suche nach Seltenheiten und Verschwundenem, 1990 und 1991. Mit Rückblick und Bezugnahme auf die Zeit seit 1945. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 93 (1992), S. 113-137. [11]
  • Kariger, J. J., 1995. Auf der Suche nach Seltenheiten und Verschwundenem 1992-1994, mit Rückblick und Bezugnahme auf die Zeit seit 1945. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 96 (1995), S. 51-66.[12]
  • Kariger, J. J., 1997. Flora und Biotope der Siechenhoffelsen und der Schöttermarjal (Stadt Luxemburg). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 98 (1997), S. 31-40. [13]

Ornithologesch Publikatioun[änneren | Quelltext änneren]

  • Kariger, J. J., 2001. 40 Jahre Vogelbeobachtung auf Süd-Limpertsberg. Regulus, Zäitschrëft vun der Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga, 3/2001, S. 9-10.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Goetzinger, G. & C.D. Conter, 2010. Dictionnaire des auteurs luxembourgeois. Centre national de littérature Mersch, 697 S. (Jean-Jacques Kariger: S. 310-311).
  • Hausemer, G., 2006. Luxemburger Lexikon. Das Großherzogtum von A–Z. Éditions Binsfeld, Luxembourg, 479 S. (Jean-Jacques Kariger: S. 202).
  • Kariger-Karier, M.T., 2005. J.J.Kariger: Stufen der Entfaltung: Biographisches, Unveröffentlichtes, Erläuterndes zu seinem Schaffen. World of books, Worms, 186 S.
  • Kariger-Karier, M.T., 1998. Vielfaches Aufleben des Klassischen im Dichterwerk von J.J. Kariger. In: Nos cahiers, 19(1998), Nr. 4, S. 73-78.
  • Kariger-Karier, M.T., 2010. J.J. Kariger: Stufen der Entfaltung: Biographisches, Unveröffentlichtes, Erläuterndes zu seinem Schaffen. Herausgegeben von J.J. Kariger. Weimarer Schiller-Presse, Frankfurt a. Main, 212 S.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Goetzinger & Conter 2007.
  2. Luxemburger Wort 2018-10-13, S. 116 (Avis mortuaires).
  3. Koch, H., 2001. Les victimes de la répression nazie. In: Vun der Industrieschoul zum Jongelycée vun Esch, 1901-2001. Luxembourg 2001, S. 155.
  4. Vun der Industrieschoul zum Jongelycée vun Esch, 1901-2001. Luxembourg 2001, S. 446 (Jean Kariger).
  5. Luxemburger Marienkalender 1988, S. 297 (Service de contrôle de la taxe sur la valeur ajoutée: service de contrôle Luxembourg (Jean Kariger).
  6. Bulletin de la Société des naturalistes luxemburgeois, 91 (1990), S. 460.
  7. Massard, J. A. & G. Geimer, 1990. Table générale des publications de la Société de Botanique du Grand-Duché de Luxembourg (1874-1905) et de la Société des Naturalistes Luxembourgeois (1891-1989), avec index analytique des matières. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 91 (1990), S. 352-354:
    * Anonyme (1955): Excursion du 27 juin 1954. Visite de l'usine de la S.A. des Ciments Luxembourgeois à Esch-sur-Alzette, sous la conduite de M. le directeur Robert Stumper. Dans l'après-midi excursion botanique sur le Galgenberg sous la conduite de M. Kariger. SNL 59(1954), 219-223.
    * Kariger, J.J. (1957): Excursion biologique du 10 juillet 1955, de Belvaux par Differdange à Bascharage, guidée par J.-J. Kariger. SNL 60(1955), 149-152.
    * Kariger, J.J. (1958): Excursion biologique du 8 juillet 1956, de Niederpallen par Ell et Rédange à Niederpallen. Guide: J.-J. Kariger. SNL 61(1956), 270-272.
    * Kariger, J.J. (1959): Flore et végétation calcicole du "Niderbierg" (Bettendorf); flore et végétation de la Sûre en aval de Diekirch. - Excursion du 7 juillet 1957, de Bettendorf par le "Niederbierg" à Gilsdorf; de Gilsdorf par la Sûre à Diekirch. Guide: J.-J. Kariger. SNL 62(1957), 113-115.
    * Kariger, J.J. (1961): Flore et végétation des abords de la vallée de l'Alzette en aval de Luxembourg. Excursion du dimanche, 6 juillet 1958. Guide: J.-J. Kariger. SNL 63(1958), 131-134.
    * Kariger, J.J. (1962): Excursion du 5 juillet 1959. Végétation des bords de l'Eisch et du fond alluvial entre Hobscheid et Eischen; végétation des carrières de grès, du plateau et des pentes entre Eischen et Steinfort. Guide: J.-J. Kariger. SNL 64(1959), 128-131.
    * Kariger, J.J. (1963): Excursion du dimanche, 10 juillet 1960. Flore des environs de la ville de Luxembourg: Pulvermühl, Fetschenhof, Tavion, Clausen. Guide: J.-J. Kariger. SNL 65(1960), 101-103.
    * Kariger, J.J. (1964): Excursion botanique à la Moselle du dimanche, 9 juillet 1961 (Grevenmacher-Machtum). Guide: J.-J. Kariger. SNL 66(1961), 138-139.
  8. Kariger-Karier 2010, S. 59.
  9. Avis. Centres d'enseignement professionnel de l´État. — Par arrêté grand-ducal du 21 janvier 1960, Madame Marie-Thérèse Kariger-Karier, aspirante-institutrice d'enseignement général aux Centres d'enseignement professionnel de l´Etat, a été nommée aux fonctions d'institutrice d'enseignement général auxdits Centres. — 4 mars 1960. — Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1960, p. 472 [1]
  10. Kariger-Karier 2010, S. 25, 29, hënnescht Deckelsäit.