Jean-Jacques Willmar

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Jean-Jacques Willmar

De Jean-Jacques Madeleine Willmar, gebuer de 6. Mäerz 1792 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen de 26. November 1866, war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.

De Jean-Jacques Willmar war de Fils vum Jean-Georges Willmar, dee vun 1817 bis 1830 Gouverneur vum Grand-Duché war. 1814 huet hien eng Licence an Droit zu Paräis gemaach a gouf Affekot um Barreau an der Stad. 1824 gouf hien zum Riichter ernannt.

Tëschent 1830 an 1839, no der Belscher Revolutioun, huet hien zum hollännesche Kinnek Wëllem I. gehalen. 1840 gouf hien zum Procureur général ernannt. 1841-1848 war hie Member vun der Assemblée des États, an 1848 Lëtzebuerger Deputéierten an der Frankfurter Nationalversammlung.

Vum 2. Dezember 1848 bis den 23. September 1853 war hie Conseilspresident (Premierminister) an Administrateur général (Minister) fir Aussebezéiungen, Justiz, Kult a Bildung. Den Norbert Metz, dee Finanzminister gi war, an dee pro-belsch a géint d'Memberschaft am Däitsche Bond an am Zollveräin war, hat e groussen Afloss op d'Aussepolitik, wat zu Spannunge mat Däitschland gefouert huet. Mee och d'Relatioune mat Holland hunn ofgekillt, nodeems de Wëllem II. 1849 gestuerwe war, a säi Fils, de Wëllem III., deen sech duerch säi Brudder, de Prënz Henri vertriede geloos huet, eng strikt konservativ a restaurativ Politik gefouert huet. 1853 huet en d'Regierung ofsetze gelooss.

Am Willmar seng Regierungszäit ass d'Decisioun gefall, de Frang amplaz vum Gulden an der Comptabilitéit vun der Verwaltung anzeféieren. 1854 sinn déi éischt Lëtzebuerger Koffermënzen erauskomm.

Vun 1857-1866 war de Willmar Member vum nei gegrënnte Staatsrot.

[änneren] Kuckt och

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen