Jean-Louis Schiltz

Vu Wikipedia
Jean-Louis Schiltz
Gebuer 14. August 1964
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei CSV

De Jean-Louis Schiltz, gebuer de 14. August 1964 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Jurist a fréiere Politiker.

No sengem Lycée am Kolléisch huet de Jean-Louis Schiltz um Cours an der Stad an op der Sorbonne zu Paräis Droit studéiert, an dee Studium mat enger Maîtrise an engem DEA am Handelsrecht 1988 ofgeschloss.

1989 gouf hien Affekot um Stater Barreau an huet dee Beruff bis 2004 praktizéiert. Hie gouf 1990 Comitésmember, a war vun 1997 bis 1998 och President vun der Conférence du jeune barreau de Luxembourg, a vun 1998 bis 2000 Member vum Conseil de l'ordre des avocats.

Niewelaanscht war de Jean-Louis Schiltz och vun 1989 bis 1991 Assistent op der Droits-Facultéit vun der Sorbonne a vun 1991 bis 2004 Chargé de cours um Centre Universitaire an der Stad. Hien ass Auteur an Editeur vun enger Rëtsch Publikatiounen iwwer Handelsrecht.

2000 gouf hien zum Generalsekretär vun der CSV gewielt an 2003 erëmgewielt.

2004 huet hie fir d'Chamberwale kandidéiert. Hie war tëscht 2004 an 2009 Minister fir Entwécklungshëllef a Kooperatioun an delegéierte Minister fir Kommunikatioun vun der Regierung Juncker-Asselborn I. Den 22. Februar 2006 gouf hien zousätzlech Verdeedegungsminister, dee bis dohin de Luc Frieden war.

Bei de Chamberwale vum 7. Juni 2009 gouf hien nees an d'Chamber gewielt. Vu September 2009 bis Mäerz 2011 war hie Fraktiounschef vun der CSV[1] an ass zanterhier och nees fir d'Kanzlei Schiltz&Schiltz aktiv[2] Am Februar 2011 huet hien ëffentlech ugekënnegt, sech ganz aus der Politik zeréckzezéien a just nach als Affekot ze schaffen.[3] Nofollger an der Chamber gouf d'Diane Adehm, neie Fraktiounschef de Lucien Thiel. Hien ass President vun der Fondation Hôpitaux Robert-Schuman, Vizepresident vun der FEDIL a Verwaltungsrotmember vum RTL Group, vun der CLT-UFA, vu Quilvest a vun der Brasserie Nationale.

De Jean-Louis Schiltz gouf duerch den Arrêté grand-ducal vum 29. Juli 2020 Member vum consultative Conseil iwwer Weltraum-Ressourcen[4]. Am Abrëll 2021 ass hie wéinst senger Aktivitéit als President vum Verwaltungsrot vun den Hôpitaux Robert-Schuman an d'Kritik geroden.[5]

De Jean-Louis Schiltz ass bestuet a Papp vun 3 Kanner.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jean-Louis Schiltz – Biller, Videoen oder Audiodateien


Virgänger:
Claude Wiseler
Generalsekretär vun der CSV
2000 - 2006
Nofollger:
Marco Schank

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Profil vum Jean-Louis Schiltz op csv.lu
  2. Profil vum Jean-Louis Schiltz op schiltz.lu
  3. "CSV-Fraktiounschef Jean-Louis Schiltz: Réckzuch aus Politik!" RTL.lu, 17.02.2011, 10:50 - Fir d'lescht aktualiséiert: 18.02.2011, 08:19.
  4. Arrêté grand-ducal du 29 juillet 2020 portant nomination des membres du Conseil consultatif sur les ressources spatiales - Advisory Board on space resources.
  5. Welsch, A., 2021. Wie ein Feudalfürst. Luxemburger Wort vum 14. Abrëll 2021, S. 2-3.