Jean-Luc Dehaene

Vu Wikipedia
Jean-Luc Dehaene
Gebuer 7. August 1940
Montpellier
Gestuerwen 15. Mee 2014
Quimper
Doudesursaach Bauchspäicheldrüsekriibs
Nationalitéit Belsch
Educatioun Universitéit vun Namouer
Aktivitéit Politiker

De Jean-Luc Joseph Marie Dehaene, gebuer de 7. August 1940 zu Montpellier, am franséischen Departement Hérault, a gestuerwen de 15. Mee 2014 zu Quimper, war e belsche Politiker, Member vun der flämescher chrëschtlech-sozialer Partei CD&V, an am Europaparlament vun der Europäescher Vollekspartei (EVP).

Hien huet eng Licence an Droit an an Ekonomie op den Universitéite vun Namouer a vu Léiwen gemaach. Hie war ë. a. belsche Premierminister vun 1992 bis 1995 a vun du bis 1999 (Regierungen Dehaene I an II), a Vizepresident vum Europäesche Konvent, dat den Europäesche Verfassungstraité ausgeschafft huet (an deen 2005 verworf gouf).

1999 gouf seng Partei, geschwächt vum sougenannten Dioxinskandal, net méi an eng Regierungskoalitioun agebonnen, an den Dehaene gouf 2000 zum Buergermeeschter vu Vilvoorde gewielt (2006 erëmgewielt, 2007 demissionéiert), enger Gemeng am flämesche "Rand" vu Bréissel.

De Jean-Luc Dehaene blouf awer nach Deputéierten an der Chamber, a gouf dunn 2004 an d'Europäescht Parlament gewielt, wou e bis zum Enn vu sengem Liewen Deputéierte war. 2008 gouf hie President vum Verwaltungsrot vun der Dexia-Bank, nodeem déi an d'Labränte gerode war a vum belschen a lëtzebuergesche Staat huet misse rekapitaliséiert ginn. Och war hien a verschiddene Verwaltungsréit, wéi deem vun InBev.

Ausserdeem war hie Member vum Think Tank Les Amis de l'Europe.