Jean-Luc Godard

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Jean-Luc Godard (1968).

De Jean-Luc Godard, gebuer den 3. Dezember 1930 zu Paräis, ass e franséisch-schwäizeresche Regisseur, Dréibuchauteur a Filmkritiker.

Am Zweete Weltkrich war hien an der Schwäiz, vu wou hien 1948 no der Scheedung vu sengen Elteren op Paräis zréckgoung. Hien huet Ethnologie op der Sorbonne studéiert. Zu där Zäit huet hie mam André Bazin, Matgrënner vun de Cahiers du Cinéma, Bekanntschaft gemaach. Vun 1952 un, huet de Godard fir déi Revue Kritike geschriwwen, dacks ënner dem Pseudonym Hans Lukas.[1]

Nodeem hie schonn e puer Court-métragë gedréint hat, huet hien 1960 säin éischte Film mam Titel A bout de souffle realiséiert.[2] De Godard gouf domat zu engem wichtege Vertrieder an engem Star vun der Nouvelle Vague.

1960 huet hie sech mat der Anna Karina bestuet an déi béid hunn 1964 d'Produktiounsfirma Anouchka Films gegrënnt. No den Evenementer vum Mee 1968 huet de Godard d'Grupp Dziga Vertov gegrënnt a Filmer gedréint, déi ëmmer méi onkonventionell goufen an Tendenze vu sengem maoisteschen Asaz erëmgespigelt hunn.[2] Vun 1980 un, weist sech méi en erwuessene Godard, deem seng Filmer zäitgenëssesch Themen iwwerhuelen an zum Nodenken ureegen.[3]

Stil[änneren | Quelltext änneren]

Vill Filmer vum Godard sti ganz am Zeeche vun der Nouvelle Vague. En huet gär mam Genre gespillt a stellt a senge Filmer seng Léift fir d'Philosophie, d'Literatur an de Kino zur Schau. Zudeem baut hien, wéi och aner Realisateure vun der Nouvelle Vague, vill Referenzen zu amerikanesche Filmer a senge Wierker an.[4]

Aflëss[änneren | Quelltext änneren]

De Jean-Luc Godard ass staark vum Dziga Vertov beaflosst ginn,[5] mä en huet selwer och vill jonk Cineaste beaflosst, wéi z. B. de Quentin Tarantino, dee seng Produktiounsfirma A Band Apart genannt huet als Wierdegung vum Godard.[6] Aner Realisateuren, déi vum Godard beaflosst goufe sinn: Martin Scorsese, Bernardo Bertolucci, Arthur Penn, Hal Hartley, Richard Linklater, Gregg Araki, John Woo, Mike Figgis, Robert Altman, Steven Soderbergh, Richard Lester, Jim Jarmusch, Rainer Werner Fassbinder, Brian De Palma, Wim Wenders, Oliver Stone a Ken Loach.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Am Ganze krut de Godard eng 30 Präisser iwwerreecht, dorënner de Präis vum europäesche Kino fir seng Carrière am Joer 2007.[7]

Filmographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1958: Charlotte et son jules
  • 1960: À bout de souffle
  • 1962: Vivre sa vie
  • 1963: Le mépris
  • 1964: Bande à part
  • 1965: Alphaville
  • 1965: Pierrot le fou
  • 1967: Week-end
  • 1970: Le vent d'est
  • 1972: Tout va bien
  • 1975: Numéro deux
  • 1979: Sauve qui peut (la vie)
  • 1985: Je vous salue, Marie
  • 1985: Détective
  • 1987: King Lear
  • 1988: Histoire(s) du cinéma: Toutes les histoires
  • 1990: Nouvelle Vague
  • 1993: The King of Ads
  • 2004: Notre musique

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Philip Kemp (dir.): Tout sur le cinéma. Paris 2011, S. 255.
  2. 2,0 2,1 id., S. 255.
  3. Ronald Bergan: Film. München 2007, S. 300.
  4. Philip Kemp (dir.): Tout sur le cinéma. Paris 2011, S. 251.
  5. id., S. 60.
  6. id., S. 251.
  7. Daniel Borden et alii: Histoire du cinéma (Les Essentiels de National geographic). [Paris] 2009, S. 232.