Jean-Marie Halsdorf
De Jean-Marie Halsdorf, gebuer den 1. Februar 1957 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Politiker.
No sengem Lycée zu Iechternach a sengem Studium op der Universitéit Stroossbuerg huet de Jean-Marie Halsdorf een Doktertitel als Apdikter gemaach a vun Ufank vun den 1980er Joren un als Apdikter a verschiddene Spideeler zu Lëtzebuerg geschafft.
1988 gouf hien an de Gemengerot vu Péiteng gewielt. Vun 2000 bis 2004 war hie Buergermeeschter vun där Gemeng.
Tëschent 2000 an 2004 war hie Sekretär vum Gemengesyndikat SYVICOL.
1994 gouf de Jean-Marie Halsdorf, op der Lëscht vun der CSV, an d'Chamber gewielt, an 1999 an 2004 erëmgewielt. 2003 war hie Rapporteur vum Staatsbudget 2004.
An der Regierung Juncker-Asselborn I war de Jean-Marie Halsdorf tëscht 2004 an 2009 Inneminister a Minister fir Landesplanung. An der Regierung Juncker-Asselborn II ass hien zënterhir Minister fir den Intérieur, d'Police, d'Verdeedegung, d'Groussregioun an d'Organisation territoriale.
De Jean-Marie Halsdorf ass bestuet a Papp vun dräi Kanner.