Jean-Marie Kieffer

Vu Wikipedia
Jean-Marie Kieffer
Gebuer 1960
Réimech
Gestuerwen 8. Mäerz 2023
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Komponist, Lycéesprofesser, Organist
Famill
Kanner Julie Kieffer

De Jean-Marie Kieffer, gebuer 29. September1960 zu Réimech a gestuerwen den 8. Mäerz 2023[1], war e lëtzebuergesche Komponist, Organist a Lycéesprofesser.

Hien huet zu Köln op der Musikhochschule Schoulmusek, Tounsaz a Gesank, mam Haaptfach Uergel beim Prof. Dr. Ludger Lohmann, studéiert, an ausserdeem zu Bonn Theologie. Vun 1985 bis 2012 war hie Professer fir Musek a Relioun am Iechternacher Kolléisch. 2012 gouf hien als "Professeur-chargé de mission" um Ministère de l'Education Nationale zoustänneg fir Schoulentwécklung a fir d'Koordinatioun vun de kulturellen Akivitéiten am Schoulwiesen.

Donieft war hie vun 1986 bis 2014 Titularorganist vun der Iechternacher Basilika, bis datt en am Juli 2014 dat Amt un de Paul Kayser ofgetrueden huet. Hien huet och bis 2004 bal 20 Joer laang d'Uergelklass an der Iechternacher Museksschoul geleet, bis datt en och do vum Paul Kayser ersat gouf.

Am Fréijoer 2012 gouf hie President vum Verwaltungsrot vum INECC Lëtzebuerg.

Donieft war hien als Sänger, Arrangeur a Komponist gefrot:

  • als Solist an als Member vun international renomméierte Vokalensembelen huet hien a villen europäesche Stied souwéi och zu New York an a Japan gesongen. Donieft huet hien en ettlech Opname fir verschidde Radios- an Tëleesstatiounen an och CD-Produktioune gemaach.
  • als Arrangeur a Komponist huet en am Laf vun der Zäit fir verschidde Verlager an Ensembele geschafft.

Hie war de Papp vun der lëtzebuergescher Schauspillerin an Theaterpedagogin Julie Kieffer.

Wichtegst Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Ultima Ora (Eng "ballad opera", 2009) fir d'Solisten, de Chouer an d'Band aus der Communautéit vum Iechternacher Lycée. Text: D. Hoffelt a J.-C. Degrell, Musek: J.-M. Kieffer a Georges Urwald. D'Opféierunge waren, wéi och bei OraLabora a Pandora, an der Basilika zu Iechternach.
  • OraLabora (Text: J.-C. Degrell, 1998)
  • Pandora (Text: D. Hoffelt, 2004) fir Solisten, de grousse Chouer vun der Communautéit vum Iechternacher Kolléisch an d'LCE-Big Band & Friends
  • Ballo Farfallo (Text: Guy Rewenig, 2002) fir den Ensemble vocal Berdorf, Schoulkannerchouer an Orchester
  • Eechternoach (Text: J.-C. Degrell, 1999) fir den Ensemble Vocal du Luxembourg mat der Militärmusek.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Erasmy, Francis, 2023: Nachruf auf Jean-Marie Kieffer. In: Feliciter Nr. 66, Pfingsten 2023, S. 1.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Conrad, Daniel (dco), Abschied von Jean-Marie Kieffer, in: Luxemburger Wort 2023-03-10, S. 45.